Smartphone-NotzungGrouss Ënnerscheeder tëscht, a bannent den Natiounen

Ëmmer méi Leit benotzen weltwäit e Smartphone- allerdéngs ginn et nach ëmmer Ënnerscheeder – souwuel tëscht wéi och bannent verschiddenen Natiounen.

Leschten Update: 07.02.2019, 16:31:23

© AFP/File/LLUIS GENE

Un der Spëtzt vum Klassement steet deemno Südkorea mat enger honnertprozenteger Auslaaschtung un Handy’en. Sou benotzen am asiateschen Land 95% vun de befroten ee Smartphone, an 5% en Handy ouni Internet. Dat geet aus enger Enquête vum amerikaneschen „Pew Research Center“ ervir, deen dofir 30.000 Erwuessener aus 27 Länner gefrot huet.

Op Plaz 2 klasséiert sech Israel mat 88%. An Holland hunn 87% e Smartphone. Däitschland klasséiert sech mat 78% op der 8. Plaz. Ënnert den Industrienatiounen fält vrun allem Kanada aus der Rei- wou ganzer 25% guer keen Handy hunn.

Bei den sougenannten „emerging countries“ leien Südafrika a Brasilien un der Spëtzt mat 60% Smartphone-Notzung. Um Enn klasséiert sech Indien, wou just e Véierel vun den Awunner e Smartphone huet.

Wat kaum erstaunen dierft ass dass vrun allem jonk an eduquéiert Mënschen digital aktiv sinn. Bei den eeleren Befroten kann d’Notzung och an den Industrienatiounen variéieren. Sou hunn iwwer 90% vun den eelere Südkoreaner, awer just e Véierel vun den eelere Russen, e Smartphone.

D’Enquête huet och erginn, dass d’Internetbenotzung a villen Industrienatiounen scho laang verbreet ass. An villen Entwécklungslänner huet d’Digitaliséierung awer eréischt di lescht puer Joer däitlech zougeholl.

Lauschtert hei de Reportage