shime / MéGo!Wéi aus engem Zigarettestomp en Äschebecher gëtt

Iwwer 15 Joer brauch en Zigarettestomp fir sech ze zersetzen. De Recyclage ass eng gutt Alternativ an deem hëlt sech elo eng Lëtzebuerger Start-Up un.

Leschten Update: 08.02.2019, 08:02:28

© shime

Mir schwätzen an der Lescht vill iwwer Plastiksoffall, ma dobäi gëtt eis Ëmwelt nach zousätzlech duerch eng ganz Rëtsch aner Saache verknascht. Eppes wourun een dacks guer net denkt, grad als Fëmmert, dat sinn Zigarettestëmp, déi nom Paffen dacks einfach op de Buedem gehäit ginn, well grad keng Dreckskëscht oder en Äschebecher an der Géigend ass. Ma e Partenariat soll dëse Problem elo an de Grëff kréien.

1 Stomp verknascht 55 Liter Waasser

Vum Nohaltegkeetsministère huet et geheescht, dass een dovun ausgeet, dass eng 4'300 Milliarden Zigarettestëmp all Dag weltwäit ewechgeworf ginn. Déi meescht landen dobäi an de Kullangen oder op der Strooss. Dobäi geet 1 Zigarettestomp duer, fir mat sengen 2'500 chemesche Stoffer 500 Liter Waasser ze verknaschten. Ënnert dëse Stoffer sinn z.B. Schwéiermetaller, Nikotin, Phénol, asw., déi meescht dovu si waasserléislech.

Dobäi kënnt, dass d'Kollekt an d'Entsuergung vun dëse Stëmp natierlech vill kaschten – an dat trëfft dann erëm déi, déi d'Steiere bezuelen. An a 16% sinn Zigarettestëmp, déi ewechgehäit gi sinn u Bëschbränn Schold.





Stëmp ginn agesammelt a recycléiert

Den 1. Januar hunn sech dofir déi eenzeg europäesch Filière fir de Recyclage vun Zigarettestëmp mam Numm MéGO! an déi Lëtzebuergesch Start-Up-Entreprise shime zesummegedoen. Dës gouf 2017 mam Zil gegrënnt fir Betriber fir nohalteg Entwécklung ze sensibiliséieren. Duerch d'Partenariat sollen esou Zigarettestëmp an den Entreprisen, Gemengen, Schoulen an aneren Ariichtungen agesammelt a recycléiert a revaloriséiert ginn.

Dofir gi se an eng speziell Fabrick bruecht, wou déi eenzel Deeler wéi Äschen, Pabeier, Tubaksreschter an natierlech de Stomp selwer getrennt ginn. Duerno gi se an enger Rëtsch Basenge mat zouenem Circuit gewäsch, gedréchent, erëm gewäsch an da gepresst.

Aus Stëmp gëtt eng Zort Konschtstoff

An eraus kënnt eng Plack aus Celluloseacetat, ganz einfach gesot eng Zort Konschtstoff. Domat kënnen dann déi ënnerschiddlechst Saachen hiergestallt ginn, z.B. och Äschebecheren. D'Aufgab vu shime ass et dobäi den Entreprisen eng komplett Léisung ze bidden.

LINK / Hei geet et bei d'Lëtzebuerger Start-Up!

Ënner anerem dass dat d'Sensibilisatioun vun den Employéen an den Entreprisen, d'Äschebecher an deenen d'Stëmp gesammelt ginn, de statistesche Suivi an dann eben och de Recyclage an d'Asammelen dat vum Partner MéGO! gemaach gëtt.


© shime

Links