EtüdBéier op Wäin, looss dat sinn...stëmmt dat?

Fir d'éischt Béier, da Wäin, oder awer nëmmen ee vun deenen Zwee? Domat hunn sech däitsch Fuerscher beschäftegt...

Leschten Update: 08.02.2019, 11:41:27

© pexels.com

Een décke Kapp hunn nodeems ee vill Alkohol gedronk huet, dat huet kee gären. Trotzdeem gëtt weekends ëmmer uerdentlech mat Alkohol gefeiert. Fir den Dag drop kee sou décke Kapp ze hunn, ginn et vill Tipps. Ee vun de prominentsten ass net Béier op Wäin ze drénken. Wäin op Béier drénke géif awer goen. Elo hunn d‘Fuerscher dës Ausso mol an engem Experiment iwwerpréift.

Beim Versuch hu ronn 90 Fräiwëlleger am Alter vun 19 bis 40 Joer matgemaach. D’Aufgab war fir jiddereen déi selwecht: vill Alkohol wärend engem Owend ze drénken. Zil war iwwer 1 Promill Alkohol am Blutt ze hunn. Déi eng hu fir d’éischt Béier an da wäisse Wäi gedronk, déi aner wäisse Wäin an da Béier. Den drëtte Grupp ass entweder bei Wäin oder just bei Béier bliwwen. Op engem zweeten Owend goufen d’Gruppe gewiesselt. Virum Experiment huet da jidderee genuch giess.

Nach d’Owender selwer hunn Testpersoune beschriwwe wéi alkoholiséiert si sech gefillt hunn. Den Dag drop hunn si dann typesch Kater-Symptomer genannt. Also Middegkeet, Kappwéi, Iwwelzegkeet, Schwindel, Bauchwéi a sou weider. Aus dëse Wäerter hunn si da fir all Persoun de sou genannte „Hangover Score“ erstallt.

An d’Auswäertung weist: D’Reiefolge vum Gedrénks spillt fir den décke Kapp den Dag drop keng Roll, genee sou wéineg wéi Geschlecht, Gewiicht oder generell Drénk-Gewunnechten. Wéi staark den décke Kapp den Dag drop ass, hänkt deemno nëmmen dovunner of, wéi vill Alkohol een deen Owend drénkt, wéi alkoholiséiert een sech deen Owend fillt, an ob een sech wärend dem Owend iwwergëtt.

Fir d’Fuerscher ass deemno kloer: et sollt een sech selwer d’Fro stellen, wéi alkoholiséiert een sech fillt, an dorops lauschtere wéi een sech fillt. Op ee elo Béier op Wäin, oder Wäin op Béier drénkt, wier egal.

Lauschtert hei d'Reportage:

Links