Keng grimmeleg a fetteg Hänn méiFlësseg Chipsen

De klassesche Grëff an d'Chipstut muss net méi sinn!

Leschten Update: 11.02.2019, 12:45:46

© Pexels

Wéi ass et méiglech fir op Instagram erop an erof ze scrollen an dobäi e puer Chipsen ze genéissen, ouni dass de Smartphone voller Grimmelen ass?

En Dilemma, dat de Steve Jobs ni geléist krut. Eng japanesch Snack-Firma huet sech deem Problem ugeholl a Chipsen op de Maart bruecht, déi ee net mat de Fangeren upake muss fir se kënnen ze iessen.

Dem Wall Street Journal no stécht déi japanesch Firma Koike-ya dohannert. Si hu Chipsen op de Maart bruecht, déi püréiert sinn, sou dass ee se net méi knabberen, mee drénke kann. Also ass et vun elo u méiglech trotz Chipse kënnen um Smartphone ze kniwwelen ouni mat fettege Fangeren iwwert den Ecran rutschen ze mussen.

Koike-ya bezeechent hier "one hand Chips" als en néie Snack-Styl op deen d’Mënschheet gewaart huet. Allerdéngs si si net déi eenzeg Firma, déi sou eng Erfindung op de Maart bréngt.

Ma virun engem Joerzéngt war et TechCrunch, déi déi sougenannte "Potato Chip hand" erfonnt huet. Dëst ass eng Aart kleng Gräif-Zaang, mat där een d’Chipsen an der Tut gräife kann.

Lauschter eran!