No Uerteel an DäitschlandKeng automatesch Plackekontroll zu Lëtzebuerg

Jorelaang goufen a verschiddene Bundeslänner d'Autosplacken op der Sich no Kriminelle permanent a komplett zoufälleg gescannt a kontrolléiert.

Leschten Update: 08.02.2019, 17:09:42

© Eldo

Iwwerwaachungskamerae gesäit een an der Tëschenzäit iwwerall, deelweis ginn déi net nëmme vu privaten Entreprisen a leit genotzt mä och z.B. op verschiddene Plazen an der Stad opgestallt, fir do géint Kriminalitéit virzegoen. Dat stéisst natierlech net nëmmen op Begeeschterung. Während sech d'Leit méi sécher solle fillen, sinn der vill der Meenung, dass d'Iwwerwaachung duerch de Staat ze wäit geet an Iwwerhand hëlt. Op der Sich no Kriminellen huet eist Nopeschland Däitschland bis ewell awer nach op e komplett aneren Iwwerwaachungsmechanissem zeréckgegraff.

Automatesch Scanneren op verschiddene Strecken

Et wier dach flott, wann ee Kameraen hätt, déi näischt ophuelen, näischt späicheren a just usprange, wann se eng gesichte Persoun erfaassen. Ma well dat net geet huet een sech an Däitschland geduecht, ma da scanne mir einfach emol alles. Zwar goufen hei op der Sich no Kriminelle keng Leit gefilmt oder fotograféiert mä deenen hir Plackennummeren.

A ville Bundeslänner goufen déi op bestëmmte Strecken a Kontrollpunkten automatesch erfaasst an da mat den Date vun der Police ofgeglach. Koum et net zu engem Treffer, da goufen d'Daten automatesch erëm geläscht. Huet d'Software awer en Treffer fonnt, da gouf d'Foto nach emol vun engem Policebeamte kontrolléiert.

Kee Problem also fir een, deen näischt verbrach huet, esou kéint een elo denken.

Fräit Liewen duerch permanent Kontroll net méiglech

Ma d'Riichter vum Bundesverfassungsgeriicht hunn dat net esou gesinn a gemengt, dass dës komplett zoufälleg Kontroll de Leit d'Gefill géif ginn, permanent iwwerwaacht ze ginn – an domat wier e fräit Liewen net méiglech. All Mënsch hätt jo d'Recht sech fräi ze deplacéieren, ouni dobäi kontrolléiert a registréiert ze ginn.

De Riichter no wier domat esou eng Kontroll nëmme bei besonnesch schwéieren Doten oder an der Géigend vu Grenzen erlaabt, dat fir déi grenziwwerschreidend Kriminalitéit ze verhënneren.

Keen esou e System zu Lëtzebuerg

Bis Enn vum Joer mussen déi betraffe Bundeslänner elo d'Virschrëften änneren. An zu Lëtzebuerg? Hei stellt sech dës Fro iwwerdeems net. Während mir zwar automatesch geblëtzt oder plazeweis vu Kameraen iwwerwaacht ginn huet et vun der Police geheescht, dass een hei am Land dësen op Englesch Automatic Number Plate Recognition genannte System net hätt.