Wanter Dating TippsWéi leeën ech mech am beschten un?

Domat et och am Wanter ronderëm äert an ärem Partner säin Häerz gutt waarm bleift, ass et wichteg, och am Wanter genuch mateneen ze maachen.

Leschten Update: 12.02.2019, 12:04:55

© Unsplash

Zwar ass et zimlech romantesch ënnert der Decke mat engem Glas roude Wäin an der Pizza vum Liiblingsitaliener Netflix ze kucken, mee e bëssen Ofwiesslung kann och net schueden. Hei sinn dofir elo 4 Wanter-Dating Tipps.

Tipp 1:

Gin Tasting.
Déi meescht mëschen einfach iergendeen Gin mat iergendengem Tonic Waasser, wéi wann et egal wier wat ee benotzt. Theoretesch ass et dat och wann een sech einfach eng an de Lampion geheie wëll. Mee fir déi Leit déi den Gin zesumme mat hirem Partner richteg genéisse wëllen, ass en Gin Tasting genee dat richteg. 
Do léiert ee vun engem Profi, wéieen Gin mat wéi enger Zort Tonic Waasser a Friichte gemëscht soll ginn.

Tipp 2:

E Besuch am Jump House.
Och wann dat op den éischte Moment no Kannergebuertsdag kléngt, kann dat awer och als Date zimlech interessant sinn. Engersäits fillt een sech immens gutt wann een sech als Koppel zesummen auspowert, anerersäits kann een sech duerch gespillten Tollpatschegkeet a verspillt Rolzen och bësse méi no kommen.

© Unsplash

Tipp 3:

En Escape Room.
Okay… et ass villäicht net déi bescht Iddi sech mat sengem Tinder-Date fir dat éischt Treffen an e Raum aspären ze loossen, mee wann een sech scho méi laang kennt, kann dat awer relativ cool sinn. Zesumme schaffen a Rätsele léisen, verbënnt nämlech. An intellektuell verbonnen ze sinn ass jo awer genee esou wichteg wéi kierperlech vuneneen ugezunn ze sinn.

Tipp 4:

Eppes exotesches kachen.
Kléngt einfach, ass awer zimlech effektiv fir dat schlecht Wieder ze vergiessen an op kulinaresch Aart a Weis a Summer-Feeling ze kommen. Falls dat mam Kachen herno net sou schmaacht wéi geduecht, kënnt dir jo trotzdeem nach ëmmer eng Pizza vum Liiblingsitaliener komme loossen.