Harmonesch TrennungTipps fir eng Scheedung ouni Sträit...

Leider verleeft eng Trennung net ëmmer propper, zemools wa Kanner am Spill sinn. Mee et geet och ouni Drama!

12.02.2019, 06:11:54

© Pexels

Eng Trennung muss net ëmmer komplizéiert an eekleg ginn. An trotzdem ass dat dacks de Fall! De Problem leit virun allem doran, dass deen dee verlooss gëtt sech dacks als Verléierer bei der ganzer Saach fillt. Op där anerer Säit steet deementspriechend de Gewënner. Déi Mentalitéit steet enger propperer Scheedung bei ville Koppelen am Wee. Dofir sollt een dofir suergen, dass de Partner vun der Decisioun net komplett iwwerrascht gëtt. Dat areecht een an deem een ëmmer nees undeit, dass d’Bezéiung problematesch ass.

Et ass och wichteg éierlech ze sinn, an dem Partner d’Grënn ze nennen. Wann dat net hëlleft an de Partner seng berechtegt Enttäuschung a Frust ëmwandelt, kann e probéiere Verständnis ze weisen an och eege Feeler zou ze ginn

Mee och wann déi zwee d’Entscheedung sech scheeden ze loossen zesummen treffen, ass dat nach laang keng Garantie fir dem Drama aus dem Wee ze goen. Do gëtt et nämlech nach de materielle Problem: Déi gemeinsam Wunneng ass fir vill Koppelen déi sech trenne wëllen eng grouss Challenge. Hei kann een et ufanks sou maachen, dass déi zwee jeeweils 6 Méint am Joer do wunne kennen. Dacks kennt awer séier d’Erkenntnis, dass an där Form kee Neistart méiglech ass an de Problem léist sech vum selwen. 


Lauschtert hei de ganze Reportage

Och wat eege Kanner ugeet muss een iwwer säi Schied sprangen. Kanner brauchen e stabille Kader, an deen ass just méiglech wann tëscht den Elteren alles gekläert ass. Eng Léisung fir all Problemer gëtt et bei dësem Sujet leider net. Et schued awer ni iwwer alles konkret ze schwätzen, och wat d’Zäit no der Trennung ugeet. Domat kennt een enger harmonescher Scheedung definitiv scho vill méi no.