Dacks feelt et un TrainingFitness bei E-Sportler enorm wichteg

Och den E-Sport ass ustrengend an dat net nëmme fir d'Fanger an de Kapp, ma bei de Profie muss de ganze Kierper mat run.

Leschten Update: 12.02.2019, 04:39:06

© ED JONES / AFP

Et gi Sportaarten, déi hunn et schwéier sech als „Sport“ ze etabléieren. Wéi dacks héiert een, dass Schach jo kee Sport ass, well een sech kierperlech net an deem Sënn muss ustrenge wéi z.B. e Marathonleefer. Ma bei Sport geet et jo net nëmmen ëm d'Schweessen. Dee selwechte Problem hunn d'E-Sports, also déi virtuell Kompetitioune via Computer oder Konsol. Hei kommen nach d'Viruerteeler vum iwwergewiichtege Gamer, dee stonnelaang virum Schierm sëtzt an sech dobäi voll mat Chipse stoppt dobäi. Ma stëmmen déi wierklech?

Den E-Sport huet sech etabléiert

E-Sport ass e Sport, dat kënnen d'Kritiker elo gäre refuséieren, mä d'Sportaart etabléiert sech ëmmer méi. An ëmmer méi interesséiert sech och d'Fuerschung fir d'Thema. Elo wollt z.B. d'Sporthéichschoul Köln wëssen, wéi den Alldag vun E-Sportler ausgesäit a wéi et ëm deenen hir Fitness ausgesäit.

Dofir goufe ronn 1'200 Froebéi ausgewäert, déi natierlech net representativ sinn, well jidderee matmaache konnt an et virun allem ëm déi eegen Aschätzung gaangen ass. Ma de Fuerscher no huet d'Ëmfro awer en Iwwerbléck ginn. Esou sinn et guer net esou déi professionell E-Sportler, déi de Fuerscher Suerge maachen, ma d'Amateuren, d.h. d'Hobby-Gamer. Déi géifen dacks ouni Paus stonnelaang spillen an dobäi eng ausgeglacher Ernierung, genuch Schlof an d'Opnam vu genuch Flëssegkeet vernoléissegen.

Fitness spillt grouss Roll am E-Sport

Dobäi haten d'Wëssenschaftler vun der Kölner Sporthéichschoul scho virdrun ervirgehuewen, dass Fitness eng grouss Roll och am E-Sport spillt. Konzentratioun, Reaktioun a Perceptioun kënnen nämlech och trainéiert ginn a spillen an alle Sportaarten eng wichteg Roll.

En anert Fuerscherteam vun der „Deutsche Sporthochschule“ war esouguer iwwerrascht, wéi héich och déi kierperlech Ufuerderungen deels sinn. Ronn 400 Beweegunge pro Minutt op der Maus an der Tastatur setzen héich motorescht Kënne viraus, grad wann dëst zäitgläich mat béiden Hänn geschitt. Dobäi kënnt taktescht Verständnis, den Ëmgank mat extreme Stresssituatiounen an e Bols vun deels 160 bis 180 Schléi pro Minutt.

De richtegen Training feelt dacks nach

Ma d'Wëssenschaftler sinn sech eens, dass bei den Trainingsmethoden awer och der Ernierung an dem Liewenswandel trotz aller Professionalitéit nach Loft no uewen ass. Professionellen Training fir d'Muskulatur, virun allem fir de Réck an d'Genéck sinn de Wëssenschaftler no dobäi wichteg.
Ma och Entspanungstechniken a Konditiounstraining géifen de Sportler Virdeeler bréngen a kéinten déi am E-Sport relativ kuerz Dauer vun der Karriär däitlech verlängeren.