No Reform49 Persounen hunn de CGDIS verlooss

Den 27. Mäerz 2018 ass d'Gesetz vun der Reform vum Rettungswiese gestëmmt ginn, leschten 1. Juli ass d'Gesetz a Kraaft getrueden.

Leschten Update: 12.02.2019, 04:38:49

© Eldoradio

Zënter deem hunn 9 fräiwëlleg Pompjeeë bei de Chef-Kommandanten hir Aarbecht néiergeluecht. Bei de stellvertriedende Chef-Kommandante waren et der 10. Dat äntwert d'Inneministesch Taina Bofferding op eng parlamentaresch Fro.

Betraffe Persoune kréien och aner Tâchen

An deene Fäll ginn dës Poste virleefeg besat, bis nei Cheffe gewielt ginn. Ma bei dësen 19 Fäll geet et net ëmmer direkt ëm Kënnegungen: Wéi d'Inneministesch präziséiert, krute 16 vun deenen 19 Pompjeeën nei Missioun a Responsabilitéiten a schaffen domat weider beim CGDIS. Ma de Rettungsdéngscht gouf awer och iwwert 40 Kënnegunge vu fräiwëllege Pompjeeën informéiert. Weider heescht et, datt aktuell eng 6.272 fräiwëlleg Pompjeeën aktiv sinn. Zënter dem 1. Juli 2018 hu sech 313 Persoune gemellt, fir beim 112 ze schaffen.

Bei Demissiounen ouni Motiv gëtt nogefrot

An där nämmlechter Zäitspan hunn awer och 49 Persounen decidéiert, de CGDIS ze verloossen. D'Grënn dofir sinn der Inneministesch no e Manktem un Zäit oder datt verschidde Leit sech net mam neie CGDIS identifizéiere kéinten. Fir deem entgéint ze wierken an de Fonctionnement besser ze gestalten, geet ee bei Demissiounen ouni Motiv der Saach no: An deem Fall gëtt beim betraffenen Zenter nogefrot. Wéi an anere Länner, déi de Rettungsdéngscht op Basis vu Fräiwëllegen opbauen, kann et mol zu Enkpäss kommen.

Op all gemellten Noutfall gouf reagéiert

Ma an enger anere parlamentarescher Äntwert Ufank des Joer huet d'Ministesch scho geschriwwe gehat, datt dee nei kreéierte CGDIS bis ewell all Noutruff ofwéckele konnt. Ma d'Rekrutement dierf trotzdeem net vernoléissegt ginn an dee fänkt scho fréi un: Zënter dem 1. Juli 2018 goufen 33 Stagiairen agestallt, weider Dossiere géifen aktuell nach analyséiert ginn.

Lauschtert hei de komplette Reportage