EtüdMéi intelligent wéinst Héngerhaut

Heiansdo ass d'Musek esou gutt, dass een Héngerhaut kritt. Eng Etüd seet elo: Wie méi dacks betraff ass, deen ass och méi intelligent!

12.02.2019, 05:46:17

© Pixabay

Et kann e ganzt sentimentaalt Lidd mat enger zaarter Fraestëmm sinn. Oder eppes richteg defteges mat engem Gittarsolo. Villäicht souguer eppes ouni Stemm, mee dofir mat den harmonesche Kläng vun enger Gei? Wéi och ëmmer, Héngerhaut kann op ganz ënnerschiddlech Aart a Weis ausgeléist ginn.

Ass d’Héngerhaut do, stinn d’Hoer um ganze Kierper an der Luucht. De Grond sinn onbewosst positiv Emotiounen, déi bei jiddwerengem ebe bei ganz verschidde Lidder opkomme kënnen. Bis haut ass de geneeë Prozess am Kierper awer nach net gekläert.

An trotzdeem gi Fuerscher vun der Eastern Washington University scho méi wäit. Hir Etüd seet dass Mënschen, déi dacks Héngerhaut kréien, méi intelligent si wéi Mënschen, bei deenen dat seelen oder iwwerhaapt net de Fall ass. De Grond läit de Fuerscher no an engem ganz spezifeschen Deel vum Gehir. Fir dat erauszefanne goufe speziell Persoune getest, déi méi dacks Héngerhaut hunn.

Heibäi gouf festgestallt, dass déi Kandidate vill méi Fasergewebe haten. An zwar déi Zort Gewebe, déi de sougenannten auditive Kortex, deen akustesch Reizer verschafft, mat deem Deel vum Gehir verbënnt, dee fir d’Emotiounen zoustänneg ass. Méi Gewebe heescht och méi Austausch tëscht dësen zwou Regiounen, sou dass béid och separat méi effektiv schaffen.

Ob een eleng doduerch vun enger méi héijer Intelligenz schwätze kann, bleift awer op d'mannst diskutabel. D'Héngerhaut bleift weiderhin e relativ mysteriéist Thema, mee denkt drun, wann dir déi nächste Kéier äre Liiblingssong lauschtert. 

Lauschtert hei de ganze Reportage