Luxembourg City Film FestivalTickete fir déi 9. Editioun ginn et vum 14. Februar un

E Mëttwoch de Moien ass d'Programmatioun vun der 9. Editioun vum Luxembourg City Film Festival presentéiert ginn. Knapp 97 Filmer ginn dëst Joer gewisen.

Leschten Update: 13.02.2019, 19:46:24

© Eldoradio

Fir d'Editioun vun 2018 huet de Festival iwwer 30.500 Visiteure konnten zielen, e Chiffer, deen een hofft, dëst Joer nach eemol toppen ze kënnen. Déi 9. Editioun vum Luxembourg City Film Festival geet dëst Joer vum 7. bis 17. Mäerz. Nieft der evidenter Tatsaach, datt hei natierlech Filmer an Dokumentatioune wéi och Animatiounsfilmer fir Grouss a Kleng gewise ginn, ka sech de Public awer och op Themenowenter, Concerten an Ausstellunge freeën.


Nei fir d'Editioun 2019 ass, datt och wärend dem Dag Produktioune gewise ginn. Den Ufank mécht de Film Gloria Bell vum Sebastian Lelio, clôturéiert gëtt de Festival mat der Produktioun The Beach Bum vum Harmony Korine, e Filmregisseur, deen ee vläicht vu Spring Breakers kennt. Hei spillen ënnert anerem den James Franco an d'Selena Gomez mat. Ma och am Beräich vun der "Virtual Reality" wëll ee weider Efforte maachen. Eng Partie Ausstellungen ginn et hei am Casino an der Stad.

Nieft Lëtzebuerger Produktioune ginn och Filmer aus den USA, aus Latäinamerika, der Belsch, Frankräich an an an gewisen – et ass deemno e Lëtzebuerger Festival mat grousser nationaler wéi internationaler Offer. A verschiddene Kategorië kënnen d'Produktioun dann och mat engem Präis ausgezeechent ginn. Eenzel Tickete kritt ee fir 7€, de Festival Pass kascht der 30€. Disponibel sinn dës vum 14. Februar un.

 

Lauschtert hei de komplette Reportage!

Links