WHOVerhënnere vu Gehéierschiet duerch ze haart Musek

Ëmmer méi Leit droe Gehéierschiet duerch ze haart Musek mat Kopfhörer dovun. Ma d'WHO wëll elo eppes dogéint ënnerhuelen.

15.02.2019, 11:02:47

© Pexels

Mat néie Richtlinne wëll d'Weltgesondheetsorganisatioun WHO Gehéierschiet bei jonke Leit vermeiden, déi iwwert Kopfhörer ze haart Musek lauschteren. Der WHO no, lafe weltwäit ronn 50 Prozent vun den 12 bis 35-Järege wéinst der exzessiver beschallung Gefor daf ze ginn.

Déi zesumme mat der Internationaler ''Fernmeldeunion'' entwéckelten an net obligatoresche Richtlinnen, recommandéieren awer den Hiersteller vu Smartphonen an anere Geräter, den Abau vun engem System, deen d'Lautstäerkt moosst an de Benotzer warnt, wann d'Gehéier a Gefor ass.

Dei zoustänneg WHO-Doktesch Sally Chadha seet, dass mer eis bei der Lautstäerkt bis elo nëmmen op eisen Instinkt verloosse kënnen. Dëst wier ze vergläiche mam Fueren op der Autobunn ouni Tacho an ouni Vitesslimitatioun. Si schléit elo eng Aart "Vitess"-Kontroll fir Smartphone vir, déi den Notzer informéiert, wann d'Grenz vum Volume iwwerschratt gëtt.

Aner Virschléi vun der WHO wären z.b d'Méiglechkeet, dass d'Elteren d'Lautstäerkt vun de Kanner hire Geräter kontrolléiere kéinten oder e System deen dëst direkt regléiert.

Aktuell si ronn 5 Prozent vun der Weltbevëlkerung daf, dorënner 34 Millioune Kanner. Eng Unzuel vun deenen, déi duerch d'Lauschtere vun ze haarder Musek daf gi sinn, läit der WHO allerdéngs net vir.

Lauschter eran!