Wëssenschaftlerin behaaptMoies Pizza méi gesond ewéi Müsli?

Aplaz Müsli soll ee moies éischter Pizza iessen. Wat ass un dëser Behaaptung drun?

15.02.2019, 04:02:26

© Pexels

Pizza moies soll méi gesond si wéi eng Schossel Müsli. Bei dëser Ausso wäerten déi meescht vun iech grad de Kapp gerëselt hunn. Dës Meenung kënnt dann net vu mir, mee vun enger Wëssenschaftlerin an Dieteticienne aus den USA. Dëser Madamm no géife mir eis mat enger Schossel Müsli moies kee Gefale maachen – Pizza wier hei de bessere Choix.

Lauschtert hei de komplette Reportage

Müsli enthält vill Zocker

Wat wouer ass: Eng Packung Müsli ass dacks eng eenzeg Zocker-Schleider. Vill Hiersteller verkafen hir Zorten als déi gesond Variant, wat awer net ëmmer de Fall ass. Am Magasinn "The Daily Meal" kritiséiert d'Chelsey Amer dëst. Der Dieteticienne no ka schonn eng Portioun bis zu 18 Gramm Zocker enthalen - d'Weltgesondheetsorganisatioun WHO recommandéiert 25 Gramm den Dag. Mat 18 Gramm moies fréi gëtt dat da schonn enk.

Schossel Müsli = Steck Pizza

Sou wäit, esou gutt. Ma e Stéck Pizza kann een och net mat enger Banann oder eng Apel gläichsetzen. Hei ass et awer d'Argument, datt eng Portioun Müsli mat Vollmëllech praktesch di nämmlecht Unzuel u Kalorien hätt, wéi eng Tranche Pizza. Duerch d'Pizza géif een awer méi Protein zou sech huelen a wier deemno méi laang sat.

Pizza soll awer net Gewunnecht ginn

D'Chelsey Amer ënnersträicht awer, datt d'Pizza net d'Moiesiessen to-go sollt ginn: Am Verglach mat enger Schossel Müsli wier et dee bessere Choix, et sollt ee moies awer méi dacks zu Jughurt mat frëschem Uebst gräifen. Esou start ee gesond a fit an den Dag – e Stéck Pizza kann ee sech awer och mol gënnen.