Nogefrot!Knappheet u Sand och hei ze spieren

Sand gëtt méi gebraucht, wéi es entsteet an dofir gëtt de Baustoff ëmmer méi deier. Dat spieren och d'Entrepreneuren zu Lëtzebuerg.

Leschten Update: 02.03.2019, 08:37:29

© Pixabay

Wann een an d'Vakanz geet an op der Plage läit, da kënnt et engem net esou vir, mä et läit een do op enger wäertvoller Matière. De Sand stécht a villem wat mir an eiser Gesellschaft brauchen. Am opfällegsten ass dat bei Bëtong.

Experte schloen Alarm

D'Nofro no Sand ass an der Tëschenzäit esou héich, dass sech dat och an de Präisser bemierkbar mécht an d'Experte weltwäit Alarm schloen. Deelweis gi ganz Plagen illegal ofgebaut, 2008 ass z.B. déi 400 Meter laang Plage vu Coral Spring iwwer Nuecht verschwonnen ass.

Lauschtert hei de ganze Reportage!


Zu Lëtzebuerg ass d'Situatioun déi selwecht. Wat de Sand méi knapp gëtt, wat de Bëtong logescherweis méi deier gëtt. Iwwer 80% vum Sand, dee fir de Bëtong zu Lëtzebuerg gebraucht gëtt, misst an der Tëschenzäit iwwer 100 Kilometer importéiert ginn, seet de Generalsekretär vum Gruppement vun den Entrepreneuren, Pol Faber.

Ëmweltoplagen zu Lëtzebuerg maachen Entrepreneuren e Stréch duerch d'Rechnung

Sand aus der Wüst ze importéieren, deen iwwregens net déi beschten Alternativ fir Bëtong ass, wier natierlech och keng gutt Iddi, hei wier den Transportwee jo nach méi laang. Dobäi géif et genuch Matière première zu Lëtzebuerg selwer ginn, esou de Pol Faber nach. Ma do géifen engem déi sëllechen Ëmweltoplagen e Stréch duerch d'Rechnunge maachen.

Sand-Transport suergt fir CO2-Ausstouss

Dobäi huet de Pol Faber d'Fro opgeworf, wéi d'Relatioun tëscht Ofbauverbueter fir d'Ëmwelt ze schützen op där enger an d'Ëmweltverschmotzung duerch den CO2-Ausstouss duerch den Transport op der anerer Säit ass.

D'Penurie u Sand ass also effektiv och zu Lëtzebuerg ze spieren. Nieft der Knappheet u sech kommen dem Secteur no awer nach d'Transportkäschte bäi.