Amazon Prime"Wir Kinder vom Bahnhof Zoo" als Serie

"Wir Kinder vom Bahnhof Zoo" soll als Serie erauskommen - d'Dréiaarbechte sollen nach dëst Joer ufänken!

Leschten Update: 02.03.2019, 08:37:10

© Screenshot YouTube

1978 koum d'Buch iwwert drogenofhängeg Kanner a Jugendlecher vu Berlin eraus. Am Fokus vun der Handlung steet d'Christiane F., dat schonn am jonken Alter vun 13 Joer eng éischte Kéier mat Drogen a Kontakt koum. Nom Erfolleg vum Buch, gouf dëst dann och 1981 verfilmt.

Elo huet Amazon Prime bekannt ginn, dass si eng Neioplo vun der Geschicht als Serie plangen. D'Dréiaarbechte sollen dëst Joer schonn ufänken - dëst ënnert der Regie vum Philipp Kadelbach, deen och d'Buch vum Patrick Süskind "Das Parfum" als Serie ënnert dem Numm "Parfum" nei verfilmt huet.

Wéini genee d'Serie erauskomme soll, ass allerdéngs nach net bekannt.