Zombie-KrankheetOnkloer Risike fir de Mënsch

CWD ass och an Europa ukomm. Vill Fuerscher ginn dovun aus, dass d'Krankheet net op de Mënsch iwwerdroe ka ginn, fir anerer sinn d'Risiken nach onkloer.

Leschten Update: 04.03.2019, 17:08:17

© Josh Edelson / AFP

Vill gëtt an der leschter Zäit vun der sougenannter Zombie-Krankheet geschwat. Dat kléngt elo villäicht ewéi e Mäerchen, ma dës Krankheet, ofgekierzt CWD genannt gëtt et an se huet en eeschten Hannergrond, och wa bis ewell nach vill Experten dovun ausginn, dass et kee Grond zur Panik gëtt. Dat och well d'Krankheet bis ewell nëmme bei enger begrenzter Zort vun Déieren opgetrueden ass.

Krankheet och an der EU ukomm

D'Zombie-Krankheet heescht u sech Chronic Wasting Disease trëtt virun allem an den USA op a befält gréisstendeels Hirschen, Rendéieren an Elchen. Dobäi sinn déi éischte Krankheetsfäll schonn 1960 fir eng éischte Kéier dokumentéiert ginn.

An der Tëschenzäit huet d'Nervekrankheet, déi staark u BSE erënnert, Déieren a 24 US-Staaten an zwou kanadesche Provënze befal. Ma och a Südkorea an 2016 an Norwegen respektiv 2018 a Finnland gouf d'Krankheet un Déieren nogewisen.

D'Krankheet ass ustiechend an de Virus befält erwuessen Déieren, déi ufanks nëmme kleng Verhalensstéierungen opweisen, déi no an no ëmmer méi staark ginn.





Symptomer erënneren un Zombie

Dobäi kënnt Gewiichtsverloscht, d'Déiere ginn apathesch, verléieren hir natierlech Schei, mussen dacks zwanghaft goen an immens vill drénken. Well d'Déier ëmmer méi ofhëlt a Problemer mat der Koordinatioun kritt, ginn d'Symptomer vun der déidlecher Krankheet mam Verhalen a mam Ausgesi vun Zombie verglach.

Elo huet awer den US-Wëssenschaftler Michael Osterholm Alarm geschloen, dat well sech Fuerscher net sécher sinn, ob d'Krankheet net och kann op de Mënsch iwwerdroe ginn. De Problem dobäi ass ähnlech wéi scho beim Rinderwahn: Ob sech eng Persoun infizéiert huet, weess een eréischt, wann d'Krankheet ausbrécht, an dat kann daueren.

Risiko fir de Mënsch ass de meeschten Experten no kleng

Vun anerer Plaz, z.B. vum däitsche Friedrich-Loeffler-Institut heescht et dogéint, dass een dat zwar net komplett ausschléisse kéint, ma dass alles dorop hiweise géif, dass de Virus net vum Déier op de Mënsch iwwerdroe kéint ginn. Och déi norwegesch Autoritéiten ginn dovun aus, dass dëse Risiko kleng ass, och wann en net komplett ausgeschloss kéint ginn.

Op all Fall sollt een an de betraffene Regioune keng Kadaveren iessen oder Déiere joen, déi vun der Krankheet befal sinn.