Nogefrot!Wéini stitt dir moies op?

Mir hunn nogefrot, wéini d’Leit an der Reegel moies opstinn.

15.04.2019, 04:00:13

© Pexels

Déi Wéinegst hunn d‘Chance wierklech eraus ze siche wéini si opstinn. Meeschtens ass dës Zäit vun der Aarbecht, vun der Schoul oder vun aneren alldeeglechen Aufgaben ofhängeg.

Verschidde Leit stinn awer gäre fréi op, well si vum Dag esou vill ewéi méiglech profitéiere wëllen. Anerer kommen net virun 10 Auer aus dem Bett, well si sech vun hirem ustrengenden Dag erhuele mussen. Natierlech hänken dës Tendenzen och vum Alter a vun der Persoun of.

Fuerscher vun der University of Exeter hunn awer duerch hir Etüd erausfonnt, datt et tëscht Moies-Mënschen a "Morgenmuffel" genetesch Ënnerscheeder gëtt. Fir déi sougenannten "Frühaufsteher" ass an deem Sënn de Risiko manner héich ënner Depressiounen oder Schizophrenie ze leiden, wéi fir déi Leit, déi méi spéit opstinn. D’Wuelbefanne soll fir d’Moies-Mënschen och méi héich ageschat gi sinn.

An deem Kontext hu mir nogefrot, wéini dir normalerweis opstitt. Lauschtert selwer eran: