Auto-fräie Sonndeg zwee mol de MountSidd dir dofir?

D'Petitioun 1224 fuerdert 2 Auto-fräi Sonndeger de Mount, dat am Kampf géint de Klimawandel. Mir hunn iech dobausse gefrot, wat dir dovunner haalt.

Leschten Update: 06.03.2019, 18:43:22

© Eldoradio

Schonn an de 70er Jore goufen et wéinst enger Energiekris an engem Mangel u Pëtrol a villen europäesche Länner Auto-fräi Sonndeger. Haut schwätze mer net vun enger Energiekris, mä vum Klimawandel deen eise Planéit menacéiert.

Vun den 10 wäermste Joren zënter Ufank vun den Temperatur-Opzeechnunge waren der 9 nom Joer 2000. An och 2018 ass hei keng Ausnam, schreift de Petitionär a senger Argumentatioun. Lëtzebuerg wier zwar virbäi wat de Klimaschutz ugeet, trotzdeem awer nach wäit dovunner ewech seng Ziler ze erreechen.

Sou wier dee vum Minister François Bausch annoncéierte gratis ëffentlechen Transport vum nächste Joer un, ee wichtege Schrëtt an déi richteg Richtung. Mä fir dass d’Leit awer tatsächlech vum Auto op den ëffentlechen Transport ëmklammen, misst den Auto manner attraktiv gemaach ginn.

Dem Petitionär no sollt sech d’Regierung un der Vergaangenheet inspiréieren an Auto-fräi Sonndeger wéi an de 70er Joren aféieren. Ausname missten et natierlech fir Ambulanzen an aner Rettungsdéngschter ginn. Ausserdeem misst den ëffentlechen Transport, wéi op engem normalen Aarbechtsdag weider lafen, oder souguer verstäerkt ginn.

Wien sech net un d’Verbuet hält, sollt eng Geldstrof bezuelen déi bei 5.000 Euro ufänke soll. Oder et soll ee radikal de Permis ofgeholl kréien. 

Dem Petitionär no wier et héich Zäit radikal Mesuren ze huelen, fir eise Planéit  ze retten. Sou ginn op d'mannst 2 Auto-fräi Sonndeger de Mount gefuerdert. D'Petitioun 1224 kann ee vun elo un, bis de 16. Abrëll ënnerschreiwen.

Mir hunn d’Leit dobausse gefrot, wat si allgemeng vun engem autofräie Sonndeg halen:


LINK/ Hei geet et bei d'Petitioun