Selbstversuch: 1 Joer ouni Alkohol Wat huet sech fir den Andy geännert?

Wéi geet et dem Andy. 1 Joer huet hien lo keen Alkohol gedronk. Wat huet sech geännert. A wat steet dëst Joer um Faaschten-Programm?

Leschten Update: 06.03.2019, 05:59:24

D'lescht Joer huet den Andy fir d'Faaschtenzäit op Alkohol verzicht.
1 Joer ass et elo schonn hier dass den Andy fir d'lescht eng Drëps Alkohol gedronk huet.

Andy. 1 Joer ouni Alkohol. Et schéngt dir net ze feelen.

Et ass effektiv elo 1 Joer hier. Krass wéi séier d'Zäit vergaangen ass.

Feelt dir den Alkohol net?

Nee absolut GUER NET. Ech weess net wéi et dëst Joer mat de Séissegkeeten geet mä den Alk feelt mir absolut GUER NET.

Wat war dat schwéierst beim Verzicht op den Alk?

Dat allerschwéierst war einfach am Ufank de gesellschaftlechen Drock. Ech hätt net geduecht dass et sou "normal" ass Alk ze drénken. Egal wou's de bass. Am Ufank wonnert sech jiddwereen dass de näischt drénks. Du gëss souguer deelweis als Spillverdierwer, Langweiler asw duergestallt.

An elo no 1 Joer?

Ganz éierlech. Elo no 1 Joer stellt sech kee méi eng Fro. Et ass ganz normal ginn a jiddwereen weess dass ech keen Alk méi drénken. Et si souguer Leit déi mat motivéiert goufen a sech och Froen zu hirem Konsum gestallt hunn. Ech mengen du mierks eréischt wéi dacks du sou reegelméisseg awer mol owes en Apero drénks, Weekends beim Erausgoen (...), generell Alkohol drénks ouni drun ze denken dass du et iwwerhaapt méchs. Grad am Ufank mengen d'Leit dann och ëmmer dir missen ze soen "also ech drénken jo net vill Alkohol". D'Leit entschëllegen sech am Fong fir hiert Drénken obwuel's du guer näischt sees. Ech mengen vill Leit hunn dann awer e schlecht Gewësse wa si nieft engem sëtzen deen näischt drénkt.

Wat huet sech fir dech duerch deng Alkohol-Abstinenz geännert?

Kléngt vläicht blöd mä ech hu méi zu mir selwer fonnt. Ech si mir méi bewosst ginn wat fir mech zielt. Ech hunn e bessert Gefill zu mengem Kierper kritt. Dacks verstinn ech elo guer net méi firwat een heiansdo owes eppes gedronk huet (besonnesch Weekends) an dann den Dag dorops en décke Kapp hat. Am Fong jo Blödsinn wéis du däi Kierper quääls just fir e puer Stonne "Spaass". Ganz besonnesch flott ass well ech méi fit a sportlech gi sinn. Ech ginn nees reegelméisseg lafen. An deem Joer ouni Alk sinn ech an der Tëscht 2 Semi-Marathone gelaf. Dëst Joer stinn der op d'mannst 3 um Plang an nächst Joer e ganze Marathon. Mam Alkohol wier dat ONDENKBAR gewiescht. A ganz positiv. 1 Joer ouni Alkohol heescht fir mech méi Sport an 15kg manner op der Wo.



Et huet sech also gelount?

Absolut.

An du behäls et elo bäi?

Ech soen net dass ech ni méi Alk drénken. Mä am Moment steet d'Marathon Virbereedung 2020 voll am Mëttelpunkt. Do ass Alkohol natierlech Gëft. Ech gesi fir mech och guer kee Virdeel elo nees Alkohol ze drénken. Ech gesinn einfach kee Plus fir mech. Fir de Genoss hunn ech fir mech ganz ganz vill lecker Béierzorten ouni Alk entdeckt! Schmaache besonnesch gutt nom Sport.

Dëst Joer verzichts du dann och?

Yes. Mäi Chef huet gemengt 40 Deeg op Séissegkeeten ze verzichte wier eng gutt Iddi.
Ganz éierlech. Ech mengen dat ass fir mech nach méi schwéier wéi op den Alk deemools ze verzichten.

Firwat?

Hahaha. Ech weess net. Ech sinn en absolut mega Fan vu Séissem. Mäi gréisste Laster. Mee wien weess wéi sech déi 40 Deeg auswierken.
Et wäert awer op jiddwer Fall sau sau schwéier ginn. Ech sinn einfach e Mega Fan vu Schockela, Glace a soss Séissegkeeten.

Du häls ons awer um Lafenden....

Klaro.... hahaha
Einfach ëmmer zb via mäin Insta Account (https://www.instagram.com/andyeldoradio) oder via eldo.lu
Halt mir d'Daumen.