Fuerverbuet an DäitschlandMuss een de Lëtzebuerger Führerschäin ofginn?

Bei engem Fuerverbuet an Däitschland wëllen d'Autoritéite vum Land de Führerschäin gesinn. Ma ass dat iwwerhaapt konform mat EU- oder Lëtzebuerger Recht?

Leschten Update: 06.03.2019, 16:54:58

© Eldo

An Däitschland kann ee jo nach op villen Deeler vum Autobunnsreseau uerdentlech Gas ginn – u sech esou vill wéi ee wëllt. Ma net iwwerall ass dat esou an deen een oder anere Lëtzebuerger, dee bei den däitsche Kollegen e bësse wollt raibere krut e puer Deeg oder Wochen duerno eng béis Iwwerraschung. Nieft der obligatorescher Geldstrof gëtt et do och emol gären e Fuerverbuet.

Konform mat EU- oder Lëtzebuerger Recht?

An deem Fall fuerderen déi däitsch Autoritéiten de Führerschäi vum Lëtzebuerger Chauffer an. Ma ass dat iwwerhaapt erlaabt? Dat wollt och den Deputéierte Mars Di Bartolomeo wëssen an huet de Mobilitéitsminister gefrot, ob d'Prozedure vun der däitscher Police konform mam EU-, respektiv mam Lëtzebuerger Recht sinn.

De Problem wier jo, dass wann een de Führerschäi misst un déi däitsch Autoritéite schécken, een dee Moment net zu Lëtzebuerg kéint fueren, bis deen erëm zeréckgeschéckt gëtt.

A senger Äntwert huet de François Bausch an deem Sënn op den Artikel 42 vun der Wiener Konventioun vun 1968 higewisen.

Speziell Reegelung fir Däitschland

Lëtzebuerg an Däitschland sinn do Signatairen an där Konventioun no dierfen déi zoustänneg Autoritéiten engem Chauffer aus engem anere Land de Führerschäin ewechhuelen, wann deen op deenen hirem Territoire eng komme gelooss huet.

Ma dora steet awer och, dass de Chauffer de Führerschäi muss zeréck kréien, wann en d'Land an deem e säi Permis ewechgeholl krut erëm verléisst. Ma Däitschland hätt sech bei der Ratifikatioun d'Recht virbehalen, d'Fuerverbuet op de Führerschäi vum auslännesche Chauffer anzeschreiwen. Dës Inscriptioun ass u sech net méi wéi e Pechbild op deem den Datum vum Ufank vum Fuerverbuet drop steet.

Fuerverbuet an Däitschland gëllt net zu Lëtzebuerg

Wann een also de Führerschäin net wëllt fir e puer Deeg lass sinn, dann ass et duerchaus eng Alternativ, fir op d'Plaz ze fueren, sech d'Fuerverbuet ginn ze loossen an de Führerschäin erëm matzehuelen. Dëst gëllt jo eréischt eng bestëmmten Zäit duerno.

Ma wéi et nach vum Minister heescht géif och bei engem Fuerverbuet an Däitschland de Prinzip vun der Territorialitéit spillen. E Fuerverbuet am Ausland fir e Lëtzebuerger Resident géif fir deen zu Lëtzebuerg dofir net méi gëllen.