E Bild verréit méi wéi dir denktWat seet ären Hannergrond iwwert iech aus?

Ob eng Landschaft, de Partner, d'Kanner oder d'Hausdéier, et ginn onendlech vill verschidde Méiglechkeeten déi een als Lockscreen fir den Handy huele kann.

Leschten Update: 12.03.2019, 04:27:59

© Unsplash

Dat wat mir eis dann eraussichen, droe mir de ganzen Dag mat eis ronderëm a gesinn et ongeféier 85 mol den Dag. Wann dat all Kéiers och just 1 Sekonn dauert, hu mir an engem Joer gutt aacht an eng hallef Stonn op dat Bild gekuckt.
Do stellt een sech d'Fro: Seet dat Hannergrondbild och eppes iwwert eis selwer aus?

Mat dëser Fro huet sech de Psycholog Rolf Schmiel ausernee gesat an erkläert, dass een natierlech net unhand vun deem Bild eleng zu honnert Prozent soe kann, wéi e Mënsch tickt. Mee ob mir d'Bild vum Hiersteller loossen oder ob mir eist eegent eraussichen, ass e Choix dee mir selwer treffen. An all Entscheedung déi mir treffen, ob bewosst oder onbewosst, verréit eppes iwwert eis Perséinlechkeet.

Wann een zum Beispill seng Kanner ouni de Partner als Hannergrond huet, kéint een doraus schléissen, dass sech eng gewëssen Distanz zum Partner opgebaut huet an dësen net méi dat Wichtegst am Liewen ass. Natierlech zéie vill Leit d'Kanner dem Partner vir, mee dacks ass den Ënnerscheed awer net all ze grouss an et huet ee se allen zwee als Hannergrond. 

© Unsplash

Bei Landschaftsbiller kann een entweder eng Plaz huele wou ee selwer scho mol war oder eng, déi een nach net besicht huet mee wou een awer gären emol hi wéilt. En Ënnerscheed mécht dat elo net wierklech. Wie sech nämlech fir esou ee Bild entscheet, notzt dat meeschtens als kléng Oflenkung fir den Alldag ze vergiessen. Déi Leit sinn dacks berufflech gestresst an hunn net vill Fräizäit.

Da kann een awer natierlech och nach säin Hausdéier als Hannergrond hunn. Vill Leit verbannen Hond, Kaz a Co. mat engem waarme Wuelgefill. Wiem et am Dag emol net grad sou gutt geet, deem ass scho villäicht e bësse gehollef, wann e just säin Hausdéier kuerz gesäit.