PowernappingWéi laang dierf d'Mëttesrascht sinn?

Fir jiddereen, deen ëmmer gesot kritt, e soll endlech aus dem Bett klammen, gëtt et elo ganz intressant

15.03.2019, 04:00:59

© Unsplash

Nom laange Schaffdag doheem unzekommen a sech an d'Bett falen ze loosse fir en Nap ze halen ass bei villen den Highlight vum Dag. Dacks gi genau déi Leit awer kritiséiert, se solle produktiv sinn an net einfach de ganze Recht vum Dag verschlofen. Lo ginn et da gutt Noriichte fir d'Nap-Liibhaber, d'Wëssenschaft ass nämlech op hirer Säit.

Ënnersicht gouf dat Ganzt vun Dokteren aus dem Spidol zu Voula, a Griicheland. Hirer Etüd no reduzéiert en Nap vun enger Stonn den Dag de Bluttdrock ëm 3 bis 5 mmHg (Torr). Dat ass d'selwecht vill wéi wann ee staark op Salz an Alkohol géif verzichten. Dat heescht also, wien de Luxus huet sech Zäit am Dag huelen ze kënne fir eng Stonn ze schlofen, soll, a kann dat roueg ouni schlecht Gewësse maachen.

Dono ass een nämlech méi fit, et huet een eppes fir seng Gesondheet gemaach an de Bluttdrock seet Merci. Ween dat op laang Dauer duerchzitt, profitéiert och vun engem méi klénge Risk e kardiovaskulären Tëschefall ze erleiden. Sou ass d'Wahrscheinlechkeet en Häerzinfarkt ze kréien zum Beispill 10% manner héich, wéi bei Leit, déi kee Powernap halen.

© Unsplash


Wichteg ass awer, dass een sech un déi eng Stonn hält an net vill méi laang schléift. Enger Etüd vum California Pacific Medical Center no bréngt dat dann nämlech erëm aner gesondheetlech Problemer mat sech. Ze vill schlofen entzitt dem Kierper nämlech erëm Energie, an et beweegt ee sech manner.

Leit mat Diabetis sollten op kee Fall ze vill am Dag schlofen a fir all déi aner heescht et: Wecker stellen! Soss klëmmt de Risiko Häerzkreeslaf-Problemer ze kréien. Zemools Leit déi an en eeleren Alter kommen, sollten aus deem Grond komplett op d'Mëttesrascht verzichten.


Fir jiddereen deen nach jonk ass a wierklech net ouni kann, dee ka roueg e Powernap vun enger Stonn halen. Ëmmerhi gëtt d'Gesondheet dobäi och op Trapp gehalen.