Detox fir de KierperBréngt Faaschte wierklech eppes?

Déi eng sinn iwwerzeegt, anerer manner: Wéi effikass ass et ze faaschten?

14.03.2019, 04:16:13

© Pexels

Op Äschermëttwoch huet d'Faaschtenzäit nees ugefaangen. Hei versprécht ee sech jo, méi fit ze ginn a virun allem sech méi wuel a sengem Kierper ze fillen. Ma ob dës Enthalsamkeet wierklech eppes bréngt, dat hu Fuerscher ënnersicht a soen, datt eise Fleeschkonsum och eng Roll spille géif.

Lauschtert eran!


Am Kader vun enger Etüd, déi am "American Journal of Clinical Nutrition" publizéiert ginn ass, sinn Testpersounen an 3 Gruppen agedeelt huet. Een Drëttel dovun huet 12 Woche laang 20 Prozent manner Kalorien zou sech geholl. Den zweete Grupp huet dat sougenannten Intervall-Faaschten ausprobéiert, och bekannt ënnert dem 5:2-Regimm. Hei gëtt 2 Deeg an der Woch gefaascht. Déi drëtt Grupp huet ganz normal weider giess.

Kaloriendefizit anhalen

D'Resultat vun der Ënnersichung: Faaschte wierkt sech géintiwwer eisem normalen Iessverhalen, also ouni geziilt manner Kalorien zou sech ze huelen, positiv op eist Kierpergewiicht an eise Stoffwiessel aus. Ma hei spillen déi streng Reegele vum Faaschte manner eng Roll. Insgesamt geet et drëms, datt mer manner Kalorien zou eis huelen. Wann een zum Beispill de ganzen Dag bis owes näischt ësst, kënnt dat ob dat nämmlecht eraus, wéi wann ee geziilt de ganzen Dag manner ësst. D'Faaschte kann als Hëllef gesi ginn. Kuckt een et also esou, ass Faaschten duerchaus effektiv.

Fuerscher no Fleeschkonsum reduzéieren

Ma weider heescht et awer och, datt ee säi Fleeschkonsum reduzéiere misst. De Fuerscher no géif een als Vegetarier gesond liewen an dem Kierper géif näischt feelen. Wien dozou awer net bereet ass, kann ufänken opzepassen, wéi eng Zort Fleesch op den Teller kënnt: Der Etüd no soll ee vu Fleesch vum Rand oder Schwäin d'Fanger loossen. Dëst géif de Risk vun zum Beispill Daarmkriibs oder Diabetis erhéijen. Bei wäissem Fleesch wieren d'Risiken dann e bësse méi kleng.