Zukünftegen Enkpass?An der Moyenne 89 nei Dokteren d'Joer zu Lëtzebuerg

1'780 Doktere gouf et Enn 2017 zu Lëtzebuerg. Ma d'ALEM warnt zanter méi laangem, dass et an Zukunft zu enger Penurie un Doktere kéint kommen.

Leschten Update: 14.03.2019, 19:41:11

© Pixabay

Ëmmer erëm héiert een, dass et zu Lëtzebuerg an Zukunft net méi genuch Doktere kéinte ginn. Ma wéi esou villes bréngt et hei näischt dem eegenen Androck ze gleewen, wann een z.B. zanter iwwer enger Stonn am Waardezëmmer sëtzt, mä et brauch een Zuelen. A genee déi wollt den Deputéierte Gusty Graas vum Gesondheetsminister hunn. Dat nodeems d'Lëtzebuerger Associatioun vun de Medezinsstudenten zanter méi laangem virun enger Penurie un Doktere warnt.

30% Generalisten a 70% Spezialisten

Fir et direkt virewech ze huelen: Rezent Zuele ginn et keng. De Minister Etienne Schneider huet sech dofir op d'Zuele vum 31. Dezember 2017 baséiert, dat sinn elo 1 Joer an e bësse méi wéi 3 Méint hir. Deemools goufen et 1'780 Dokteren zu Lëtzebuerg. Ronn 30% dovun, fir genee ze sinn 534 ware Generalisten. De Rescht, also 70% oder an Zuelen 1'246 ware Spezialisten.

Zanter dem Joer 2000 hätt sech d'Zuel vun den Doktere bal verduebelt an och op par Rapport zu der Populatioun wier den Taux vun Dokteren, déi och praktizéieren, eropgaangen. An de leschte 5 Joer sinn esou an der Moyenne 89 Dokteren, déi praktizéieren d'Joer bäikomm.

Een Dokter pro 338,2 Awunner

Dem Statec no hat Lëtzebuerg den 31. Dezember 2017, also do wou och gekuckt ginn ass, wéi vill Dokteren et hei ginn, eng Populatioun vu 602'005 Persounen. Dat heescht, dass een Dokter op 338,2 Leit erauskënnt – opgeronnt. Elo kann een domat ufänke wat ee wëllt, dobäi si jo net nëmme Generaliste mä eben all d'Dokteren.

An och ob dat elo duergeet, ob et an Zukunft wäert en Enkpass ginn oder ob d'Entwécklung gutt ass, wéi se ass kann een domat net soen. Wann een awer bedenkt, dass d'Dokteren hei am Land och net méi déi jéngst sinn, da kann een d'Suerg vun der ALEM scho verstoen.

Analys soll Kloerheet bréngen

44% vun hinnen hunn nämlech 55 Joer a méi, 29% sinn tëscht 45 a 55 Joer. Ma et sollt ee bedenken, dass Dokteren, déi fräiberufflech schaffen, kee legale Pensiounsalter hunn, esou de Minister. De Moment wier an deem Kader och eng Analys um Lafe fir déi global Situatioun vun de Professionellen an de Gesondheetsberuffer hei am Land ze erfaassen.