Neie StreamingdéngschtDisney+: Konkurrenz fir Netflix

Disney bréngt dëst Joer e ganz eegene Streamingdéngscht eraus. Kritt Netflix domat elo Konkurrenz?

Leschten Update: 14.03.2019, 04:07:51

© Pixabay

Hautdesdaags ginn ëmmer manner Leit an de Kino: Déi meescht kucken nämlech hir Filmer a Serië bequem op Netflix vun doheem aus. Ma genee dat ass e Problem, deen och Disney, déi weltwäit gréisste Produktiounsfirma, erkannt huet.

Komplett Bibliothéik online

Dowéinst bréngt Disney Enn 2019 och e ganz eegene Streamingdéngscht mam Numm Disney+ eraus. Wéi den Disney-Chef Bob Iger erkläert huet, wäert op der Plattform déi komplett Filmbibliothéik vum Konzern zur Verfügung stoen. An dozou zielen net just déi bekannten Animatiounsfilmer.

Net just Animatiounsfilmer, och Marvel a Star Wars

Well zu Disney gehéiert hautdesdaags ënnert anerem och Pixar, de Marvel Cinematic Universe, déi komplett Star Wars-Franchise an 20th souwéi 21th Century Fox. Dat heescht, Abonnente kënnen an Zukunft op Disney+ quasi all grousse Blockbuster op Demande streamen. Analyste vun der amerikanescher Investmentbank J.P. Morgan soen elo schonn, dass Disney+ de Leader um Streaming-Marché wäert ginn.

Den neie Streamingdéngscht Disney+


Netflix muss sämtlech Filmer vun Disney vum Site huelen

De Konkurrent Netflix, deen 140 Milliounen Abonnementer weltwäit zielt, kritt sämtlech Lizenze vun Disney-Filmer net méi verlängert. An Zukunft wäerten op Netflix keng Star Wars-, Marvel- oder Pixar-Filmer méi ze gesi sinn. Natierlech wäert sech Netflix op eege Produktioune baséieren. Experte soen allerdéngs, dass vill User wéinst dem Contenu, dee verluer geet, hire Netflix-Abo wäerte kënnegen. Dat bedeit fir Netflix manner Budget fir Filmer a Serien. Wéini Disney+ genee erauskënnt, respektiv wat den Abo wäert kaschten, ass nach net gewosst.