"Mini-Farm-Effect"Mat Déieren opzewuesse soll Allergien evitéieren

Fuerscher hunn ënnersicht, wéi sech den Afloss vun Déieren a jonkem Alter op d'Mënschen auswierkt - d'Resultat kann iwwerraschen.

15.03.2019, 12:01:43

© Pexels

Wëssenschaftler vun der Uni Göteborg aus Schweden hunn ënnersicht, wéi sech d'Opwuesse mat Déieren op eis, respektiv op eis Gesondheet, auswierkt. 

Lauschtert eran!


"Mini-Farm-Effect"

Der Etüd no géif een deemno seelener ënner Allergie leiden. Weider ass och en Zesummenhang tëscht der Gesondheet an der Unzuel un Déieren ermëttelt ginn. D'Fuerscher hunn iwwer 1.200 Kanner aus Schweden ënnersicht. D'Resultat war: Bei Kanner, déi mat fënnef oder souguer méi Déieren opgewuess sinn, louch d'Wahrscheinlechkeet, eng Allergie ze entwéckelen, bei Null. Deemno wieren op d'mannst 5 Déieren ideal, domat de sougenannten "Mini-Farm-Effect" opgestallt gëtt.

Risk eng Allergie ze entwéckelen wier kleng

De Fuerscher no géife virun allem Hënn a Kazen den Immunsystem vu Kanner stäerken a si solle virun Heeschnapp oder souguer Asthma schützen. Dësen Effekt géif da souguer scho bei Neigebuerenen optrieden, esou d'Fuerscher. Ma bei Kanner, déi dann ouni Hausdéieren opgewuess sinn, léich d'Wahrscheinlechkeet eng Allergie ze entwéckele bei 49 Prozent.

Emotional a sozial Entwécklung géif gefërdert ginn

Fréier Etüde vu verschiddenen Universitéiten hate schonn erausfonnt, datt d'Déieren d'Selbstbewosstsinn stäerken a Scheedungskanner manner ënnert der Trennung vun den Eltere leide géifen. Deemno géif déi emotional a sozial Entwécklung vun de Kanner gestäerkt ginn. Fazit hei: Engem Hausdéier steet also näischt méi am Wee, et mussen der awer fir den Ufank vläicht net direkt 5 sinn...

LINK / Hei den Detail!