Mat Schwong an déi nei SaisonFréijoersbotz fir däi Liewen

Soubal d'Sonn erauskënnt an d'Temperaturen an d'Luucht gi stellt sech eng nei Euphorie an: Hei e puer Tipps wéi dir dësen Elan nach steigere kënnt!

14.03.2019, 07:00:08

© Pexels

Soubal déi éischt Sonnestrale sech duerch déi gro Wolleke kämpfen an d'Temperaturen an d'Luucht gi baut sech eng Aart Euphorie bei de meeschte Mënschen op: De Fréijoer kënnt! Dat mécht sech net nëmmen um Wieder bemierkbar, ma och un eiser Laun an dësem ganz neien Elan. Nieft dem alljäerleche Fréijoersbotz kann een nämlech net nëmmen den Haushalt mol erëm op Vierdermann bréngen. ma och dat eegent Liewen op d'Kopp stellen.

Ier der ouni Plang honnert Saache lancéiert, huelt iech Zäit ze reflektéieren a schreift iech op wat dëse Wanter gutt war a wat dir optiméiere kënnt. Fir déi positiv Saache kënnt der iech roueg mol luewen, fir déi negativ Punkte gëllt et elo konkret Schrëtt lancéiere fir eppes ze veränneren.

An engem zweete Schrëtt geet et un d'Garderob. Endlech kënne mer de Wantermantel zréck an de Schaf hänke mee net nëmmen deen: Huelt iech e Weekend Zäit all är Wanterkleeder ze sortéieren. Wantersaachen déi een déi ganz Saison net bekuckt huet brauch een och net fir de nächste Wanter ze halen. De Recht kann op de Späicher, an esou hutt der d'Gefill eng ganz nei Garderob ze hunn wann der elo äre Schaf opmaacht.

No dem donkele Wanter dierft bei ville Leit och de Vitamin-D-Spigel am Keller sinn, dat suergt fir Middegkeet a schlecht Laun. Nieft engem Dokterbesuch kann een natierlech och selwer eppes dofir maachen: Einfach eraus an d'frësch Loft! An dat net nëmme Weekends fir e puer Stonnen, och am Alldag kann een de Vitamin-D-Gehalt steigeren an deem ee verschidde Strécken einfach mol zu Fouss geet oder op de Vëlo setzt. Dat bréngt engem net nëmmen e Sonnebonus, et kritt een och e ganz neit Bewosstsinn fir seng Ëmwelt.

Lauschtert hei de komplette Reportage!

Nieft der frëscher Loft deet och e frëschen Doft gutt. Et ass erstaunlech wéi eis Nues also eise Geroch eisen Alldag präägt, wien also säi schwéiere Wanterparfum oder Duschgel géint e neien Doft austauscht, dee fillt sech direkt wéi e neie Mënsch. Zu gudder Lescht kann een de Fréijoersbotz och ganz wiertlech huelen: De Stëbs vun der groer Joreszäit muss fort, esou datt och an deenen hënneschten Ecken nees d'Luucht era kann.

Also alles eng Kéier ëmraumen, ofwäschen a botzen, dat fillt sech wärenddeem villäicht net spaasseg un, ma duerno ass ee voller Elan och säi Liewen ëmzekrämpelen. Nach besser ass et wann ee sech vun onnéidege Saachen trennt: schmäisst also alles eraus wat iech net méi glécklech mécht. E méi eidele Raum bréngt eis Kreativitéit dozou nei Iddien ze entwéckelen a wiem et duerno ze plakeg ass dee setzt am Beschten op Blummen. Näischt jäizt méi no Fréijoer wéi faarweg a frësch Blummen.