Nogefrot!Wat ass fir iech en Hipster?

Baart, Brëll an e karéiert Hiem: Ass een Hipster alternativ oder awer mëttlerweil mainstream?

Leschten Update: 14.03.2019, 12:15:37

© pexels.com / Spencer Selover

De sougenannten Hipster-Phänomen schéngt eis Jugend hautdesdaags ze dominéieren. Ma wat ass eigentlech en Hipster?

Dat eigentlecht Zil vun engem Hipster ass et individuell ze wierken a sech vun der Mass ze ënnerscheeden. En Hipster deet sech anescht un an denkt an der Reegel méi alternativ, woubäi schonn e Problem beim Ausdrock "an der Reegel" läit. Et ass jo genee dat géint wat si sech wieren: engem Schema ze entspriechen.

Mir hu bei iech nogefrot, wat fir iech en Hipster ass:


Ma wéi kënnt et dass ee wann een d'Wuert Hipster héiert direkt e Bild vun enger Persoun mat engem gewëssene Kleederstil am Kapp huet? An enger Etüd huet de franséische Mathematiker Jonathan Touboul elo den "Hipster-Effekt" ënnersicht . Andeems hien analyséiert wéi Informatioune sech an der Gesellschaft verbreeden an d'Verhale vun de Mënsche beaflossen, huet hien e Modell opgebaut deen de Phänomen Hipster erkläert. Dobäi huet hie festgestallt, dass Hipster einfach ze lues sinn.

Wann een Trend an der Moudewelt gesat gouf, dann entscheet den Hipster sech fir dem Trend de Réck ze dréien an eng aner Variant unzebidden. Ma de Problem läit awer elo do, dass hien net deen Eenzegen ass deen den Trend boykottéiert mee direkt e puer Leit op déi selwecht Iddi kommen. Esou kënnt et da séier dozou, dass déi individuell Hipsteren op emol awer net esou individuell sinn. Amusant gëtt dat Ganzt da wann een Hipster perséinlech beweist, dass hien net eenzegaarteg ass. Dëst ass engem 34 Joer jonke Mann geschitt.

Nodeems d'Zäitschrëft MIT Technology Review en Artikel iwwer Hipster mat enger Foto vun engem Mann mat Baart, Mutz a karéiertem Hiem publizéiert hat, huet de Mann gemengt sech op der Foto ërem ze erkennen. Hien huet sech beschwéiert an doropshin huet de Chefredakter Gideon Lichfield recherchéiert an dat eigentlecht Männermodel fonnt. Via Twitter huet de Lichfield d'Geschicht erzielt an ass zum Schluss komm, dass d'Theorie vum Hipster dee selwer mainstream ass, bestätegt gouf.