Emissiounen duerch d'BauenZement bleift e grousse Klimakiller

Nieft de logesche Konsequenze fir d'Natur duerch den Ofbau entstinn och bei der Produktioun vum Produit vill CO2-Emissiounen.

Leschten Update: 24.07.2019, 05:43:19

© PAUL J. RICHARDS / AFP

Et ass déi Ressource, déi op der Welt nom Waasser am meeschte verbraucht gëtt, ouni déi eist Liewen, eis Stied de Verkéier komplett anescht géifen ausgesinn. Ma et ass och dee Stoff, dee fir eng enorm Quantitéit un CO2-Emissioune responsabel ass: den Zement, genotzt am Bëtong als Mëttel fir ze Bannen. A mam Bauboom, deen net ofhëlt – am Géigendeel – gëtt ëmmer méi vun dësem Stoff gebraucht, mat negative Konsequenze fir Natur a Loft.

5% bis 8% vun den CO2-Emissioune weltwäit

De Stoff aus Kalleksteen ass aus Bëtong net méi ewechzedenken. Ma natierlech muss deen iergendwou ofgebaut ginn a wéi all Steebréch huet dat natierlech Konsequenze fir d'Landschaften. Ma dobäi kommen d'Auswierkungen op d'Klima. Fir d'Hierstellung an den Transport ass nämlech enorm vill Energie néideg an esou kënnt een, wann ee verschidde Quelle kuckt, op eng Quantitéit vu 5% bis 8% vun den CO2-Emissiounen – an dat weltwäit.

Wann also d'Zement-Industrie e Land wier, dann hätt et déi drëtthéchsten CO2-Emissiounen, nëmmen nach getoppt vu China an den USA. Fir e klenge Verglach ze ginn: D'Emissioune vum Fluchverkéier maache weltwäit „nëmmen“ e bësse méi wéi 2,5% aus.

Net vill Alternativen

Alternativ Produktiounsméiglechkeete, bei deene manner Hëtzt, mir schwätzen hei vu ronn 1'450 Grad mat deem de Kalleksteen an den Toun am Uewe mussen erhëtzt ginn, gebraucht gëtt, ginn et, ma esou richteg kommen déi net un. Dobäi kënnt de Fuerscher no och, dass komplett misst ëmgeduecht ginn an einfach manner mat Zement misst gebaut ginn, fir dass een d'Emissioune spierbar gedréckt géif kréien.

Zement bënnt och erëm CO2

Elo ass et awer esou, dass Fuerscher aus den USA an der Fachzeitung „Nature Geoscience“ ausgerechent hunn, dass Zement bis zu 43% vum CO2 och erëm bënnt. An domat géif jo dann och d'Emissiounsbilanz erëm verbessert ginn. Dass Steng, Bëtong a soss Materialien dat kënnen ass scho méi laang gewosst, dat schwätzt den Zement awer trotzdeem net fräi.

Aner Fuerscher féieren nämlech un, dass dat an den Berechnunge scho mat agerechent ass, well u sech ass Zement jo näischt aneschtes wéi Steen, dee jo wann en net verschafft géif ginn och CO2 géif bannen. Dobäi kënnt de Fuerscher no, dass net verschaffte Gestengs vill méi CO2 kéint bannen wéi verschafften.