Beréierung, Orientatioun a SchwéierkraaftPlanzen hunn eng Zort „Intelligenz“

Intelligenz ass villäicht ze vill gesot, mä sech selwer an hir Ëmwelt kréie Beem, respektiv all d'Planzen, zu engem gewëssen Deel mat.

15.03.2019, 17:30:10

© Pixabay

Mir gesi Beem a Planzen dacks als eng Saach, u sech sinn se awer als Liewewiese klasséiert, och wann sech déi meescht vun hinnen net oder nëmme ganz lues beweegen. Och e Gehir, dat ee mat deem vun Déiere oder Mënsche ka vergläichen hu Planzen net. An awer weisen se eng Zort Intelligenz. Rechnen oder en Aufsatz schreiwe geet natierlech net, an awer kréien se d'Welt ronderëm mat.

Planze kréie Schwéierkraaft mat

Ze séier setze mir d'Wuert Intelligenz mat deem gläich, wat mir – a mir halen eis jo all fir intelligent – ënner dem Wuert verstinn. Ma ëmmer méi gëtt Fuerscher kloer, dass Beem a Planzen effektiv eng Zort Intelligenz hunn.

Do gouf et z.B. rezent en Experiment am nationalen Institut fir Agrarwëssenschaft zu Clermont-Ferrand. Do hate Fuerscher eng Narziss horizontal opgehaangen an du mat enger Zort Bull aus Luuchte komplett ëmginn. Planze wuesse jo effektiv och a Richtung Luucht, ma dës huet sech missten decidéiere, wouhin, et war jo iwwerall Luucht. Resultat war, dass d'Planz sech während se gewuess ass no uewen orientéiert a gedréint huet.

Domat steet fir d'Fuerscher fest, dass d'Planz, déi sech ähnlech wéi och e Bam verhält, Schwéierkraaft wouer hëlt.

Planze wëssen ëm hir Plaz am Raum

En anert ähnlech Experiment huet erginn, dass eng Planz sech deelweis och selwer iwwer hir Positioun am Raum bewosst ass. Dréit een se nämlech permanent während dem Wuessen, da wiisst se de Fuerscher no riicht, d.h. an enger gerueder Linn weider ouni ze probéieren sech beim Wuesstem iergendwéi ëm ze orientéieren. E Bam oder eng Planz weess also, ob se riicht wiisst oder net.

Planze passen sech äussere Verhältnisser un

An dann ass et och esou, dass Beem Wand, d.h. Beréierung matkréien. Wann e Bam oder eng Planz vun engem op deen aneren Dag vill Wand ausgesat ass, da gëtt de Wuesstem no uewe reduzéiert an d'Wuerzelen an den Ëmfang huelen zou.

Op d'Stämm vu jonke Pëppelen hunn d'Fuerscher zousätzlech Elektrode placéiert, déi elektresch Reaktiounen opgezeechent hunn, ähnlech wéi bei Nervenimpulser vum Mënsch. Ob all dës Feststellungen elo duerginn, fir Planzen „intelligent“ ze nenne sief dohi gestallt, faszinant sinn se trotzdeem.