Nogefrot!E Liewen ouni Internet?

Dës Woch huet de World Wide Web 30 Joer gefeiert. Ma de WWW ass net dat Eenzegt, dat eis duerch den Internet erméiglecht gëtt.

15.03.2019, 04:01:28

© Pexels

Wéi den Numm - zesummegesat aus inter an network - schonn undeit, erméiglecht den Internet d'Verbanne vu Netzwierker. Säin Ufank huet den Internet als "Arpanet" am Joer 1968, ma zu deem Zäitpunkt gouf en nëmme fir Unien a Fuerschungsariichtunge genotzt an dëst och nëmmen an den USA.

Mat der Zäit huet sech den E-Mail-Verkéier als wichtegsten Aspekt erausgestallt. Vum Joer 1981 un huet sech lues a lues den Term "Internet" duerchgesat an 1989 huet den Tim Berners-Lee d'Iddi vum World Wide Web presentéiert. Ee Joer méi spéit gouf entscheet, den Internet fir kommerziell Zwecker ze notzen. Mam Ufank vum 21. Joerhonnert koum den Trend vun de Social Media-Plattforme wéi Facebook, Twitter a YouTube, déi mat Hëllef vum Internet den Austausch tëschent den Notzer erweideren.

Den Internet huet zu grousse Verännerungen an all Liewensberäich gefouert. Him verdanke mir eng séier an einfach Kommunikatioun duerch E-Mailen oder Noriichten iwwer déi sozial Medien. Och eng séier Recherche ass eis duerch de World Wide Web garantéiert an esouguer Akafsschlaange kann een Dank dem Internet evitéieren a gemittlech Kleeder oder Iesse vun doheem aus bestellen.

Ma wéi wichteg ass den Internet fir déi jonk, déi d'Welt ouni Internet net erlieft hunn? Mir hunn nogefrot:

Lauschtert d'Äntwerten!