De St. Paddies-DayEn Dag, dee weltwäit gefeiert gëtt

Et gi wéineg Nationalfeierdeeg, déi ronderëm d'ganz Welt esou gefeiert ginn, ewéi de St. Patrick's Day de 17. Mäerz.

15.03.2019, 04:06:38

© Timothy A. CLARY / AFP

De St. Patrick's Day, op iresch Lá Fhéile Pádraig genannt, geet op de Gedenkdag vum iresch Bëschof Patrick zeréck, deen den Iwwerliwwerungen no wahrscheinlech am 5. Joerhonnert gelieft huet an als éischte chrëschtleche Missionar gehandelt ginn. Am 7. Joerhonnert ass de 17. Mäerz fir eng éischte Kéier als Stiefesdag opgetaucht.

Lauschtert eran!

Net just an Irland e gesetzleche Feierdag

An Irland, Nordirland, am briteschen Iwwerséigebitt Montserrat wéi och an der kanadescher Provënz Neifundland ass et ee gesetzleche Feierdag. Ma dat éischt, wat déi meescht da mam St. Paddies Day verbannen, ass natierlech déi gréng Faarf. Hei soll dat gréngt Kléiblat eng wichteg Roll spillen. Den Iwwerliwwerungen no soll den hellege Patrick den Ieren deemools mat Hëllef vum Blat d'Dräifaltegkeet erkläert hunn.

© PETRAS MALUKAS / AFP

Gréng Faarf ass d'Symbol vum St. Paddies-Day

Esou wier et dann och ze erklären, wisou grad Gréng d'Faarf vum St. Paddies-Day ass: Gebaier gi mat grénge Luuchte beliicht, Béier a Flëss gi gréng gefierft an d'Leit sinn a knall-grénge Faarwen ugedoen. Ma verschiddene Quellen no, soll och eemol Blo d'Faarf gewiescht sinn, mat där Irland associéiert ginn ass. Wéi bei villem, ginn et natierlech och hei verschidden Erklärungssäz.

© FILIPPO MONTEFORTE / AFP

Weltwäit gëtt den Dag gefeiert

Elo stellt sech dann d'Fro, wéi ee vun engem Bëschof a Schutzpatroun eriwwer bei sou e Volleksfest kënnt, dat weltwäit gefeiert gëtt. Fréier sinn natierlech déi iresch Immigranten duerch d'Welt gezunn an hunn hir Traditioune weiderginn. Duerch Paraden ass dat Ganzt da kommerzialiséiert ginn. Ma ob reliéisen Hannergrond, Traditioun oder einfach en Dag fir sech ze amuséieren: Virun allem fir d'Iren bleift et ee wichtegen Dag, deen awer och op der ganzer Welt d'Leit zesummebréngt.