Keng gewéinlech KaddoenDéi skurrilste Produiten

Dir sidd iergendwou invitéiert a wësst net, wat dir als passende Kaddo mathuele sollt? Hei si 4 bësse méi extra Tipps:

25.03.2019, 04:00:24

© Unsplash

Eisen éischten Artikel ass eng Warnvest fir Hénger. All Joer ginn et ëmmer méi Accidenter mat Hénger, well souwuel Autosfuerer wéi och Vëlosfuerer net gutt genuch oppassen. Dat soll elo en Enn hunn. D'Warnvest gëtt et am orangen an am gielen, huet eng reflektiv Sträif a gesäit fir de Recht genau selwecht aus wéi déi, déi mir aus dem Auto kennen. Nächst Kéier wou äert Hong gären en Tour trëppele geet, do dir him einfach esou eng un, a scho kënnt dir sécher sinn, dass all Verkéiers-Participant äert Hong och gesäit. Kaschte mécht d'West 15€, am Doppelpack 25€.

Den nächsten Artikel ass eng wonnerbar Kaddos-Iddi. Näischt. Allerdéngs ass näischt net gläich näischt. Dat Näischt ass nämlech kreativ verpak a mat enger schéiner Schrëft als "Näischt" beschriwwen. Näischt ausgi fir näischt ze kréie geet allerdéngs net. Näischt kascht an dësem Fall 9,11€. Gutt dass de Versand wéinstens gratis ass, fir näischt geschéckt ze kréien.

© Unsplash


Fir déijéineg, déi net näischt schenke wëllen, gëtt et och genau de Géigendeel. An zwar ganz ganz vill ze verschenken. Fir genau ze sinn, eng hallef Millioun Euro. Gutt, dass et an deem heite Fall just 24,50€ kascht fir eng hallef Millioun ze verschenken. Et handelt sech heibäi weder em Falschgeld, nach ëm en ofgelafene Check. Dir kritt tatsächlech eng hallef Millioun Euro a richtegen Euro Schäiner an dat fir 1/42000 vum Wäert. Eenzegen a just kléngen Nodeel, d'Geld ass bis op d'Onkenntlechkeet geschreddert.

Wien kennt et net, dir spillt grad Fifa oder sëtzt um Büro ze schaffen, an aus dem Näischt hutt dir op eemol Loscht op e kaalt Gedrénks. De Wee fir bei de Frigo kënnt engem da fir wéi an hallef Marathon an dacks feelt dann d'Motivatioun fir opzestoen. Gutt dass et e Mini-Frigo gëtt, deen een iwwert USB un de Computer uschléisse ka fir dass e kal bleift. Dësen absolute Genie-Artikel kritt ee scho fir 19,90€.