Mike Shinoda zu LëtzebuergHéngerhaut pur a 5 vu 5 Stären am Eldo-Concertscheck!

Eng aussergewéinlech a ganz emotional Show huet de Mike Shinoda um Samschden Owend um Kierchbierg gebueden.

Leschten Update: 25.03.2019, 04:50:24

© eldoradio

Um 8 huet de Lëtzebuerger Museker Edsun als Virband lassgeluecht.

Mat sengen 2 Dänzer huet hien eng héichwäerteg Performance higeluecht. Eng gutt Mëschung vu Musek an Danz.

Um 21:15 koum dunn mat 15 min Verspéidung de Mike Shinoda. Direkt vum éischte Lidd un war Publikum dobäi. Säi Concert e Samschden an der "Luxexpo the Box" war dee leschte vun senger Europa Tour. Seng Setlist war gefëllt mat alen Lidder vu sengem Projet Fort Minor, sengem Album Posttraumatic an natierlech mat enger Partie Linkin Park Lidder.

© eldoradio


Hien huet bewisen datt hien och als Solokënschtler Leit begeeschtere kann, an op der Bühn villfälteg ass: Rap, Gesang, Gittar, Piano; Synthees. Eng excellent Mëschung!
Ganz sympathesch, den Shinoda huet och Mutzen ugedoe déi op d'Bühn geworf goufen. Dorënner war ënnert anerem och eng gréng Chrëschtbeemche-Mutz.

Highlighte vum Concert ware sécherlech "In the End" a "Numb" wou Publikum dem Chester säi Part komplett eleng gesonge huet. Wat schonn impressionnant ass an zäitgläich och e bëssen emotional.

© eldoradio


Am allgemengen en zimlech intensive Concert ouni vill Schnickschnack dofir awer mat ëmsou méi Gefill a vill Héngerhaut. Een Owend deen e sou séier net vergësst. Um 22:45 war de Concert eriwwer.


Är Meenung zum Concert


5 Stäre fir e spezielle Concert deen e mat engem laachenden A an mat engem kräischenden A gekuckt huet, an dofir eppes ganz Eenzegaarteges ass, an dat mat engem motivéierte Publikum als risege Chouer.

Klickt hei fir all d'Fotoe vum Concert >>>