Féx erkläertHëlt een duerch Kuelesaier am Waasser bäi?

Jidderee huet zu Kuelesaier am Waasser eng aner Meenung, ma léisst eis d'Saier am Gedrénks bäihuelen?

Leschten Update: 25.03.2019, 19:57:00

© Eldoradio

Passt een op seng Ernärung op, dierf Waasser natierlech net feelen. Egal ob staark oder liicht spruddeleg, fir vill Leit ass Waasser mat Kuelesaier eng gelongen Ofwiesslung, wann dat "normaalt" Waasser mol ze langweileg ass. Ma ronderëm d'Kuelesaier am Gedrénks ginn et ganz vill ënnerschiddlech Theorien: Vu Blähungen iwwer Opstousse gëtt d'Saier och fir negativ Effekter responsabel gemaach.

Lauschtert eran!

D'Universitéit Birzeit am Westjordanland wëll e weideren negative Punkt fonnt hunn: Waasser mat Kuelesaier soll déck maachen. Esou radikal, wéi dat elo klengt, ass et awer net. Konkret soll d'Kuelesaier eis méi hongereg maachen an doduerch géife mer méi iessen, wat eis dann och bäihuele ka loossen. Kuelesaier per se mécht also net direkt déck.

Produktioun vum Hormon Ghrelin gëtt verstäerkt

Den Auteure vun der Etüd no gëtt de Mo duerch den CO2 vergréissert. Doduerch entsteet Drock op verschiddenen Zellen an der Bauchspeicheldrüs oder der Schläimhaut am Mo an déi produzéieren duerch dës Friemawierkung d'Hormon Ghrelin. Ghrelin ass dofir responsabel, datt mir hongereg ginn. Am Kader vun der Etüd wieren entspriechend Experimenter mat Rate gemaach ginn. Déi eng Grupp hätt deemno platt Waasser ze drénke kritt, déi aner Waasser mat Kuelesaier. Resultat: D'Grupp mam platte Waasser soll méi dënn bliwwe sinn.

Testgrupp Rate krut kee Waasser mat Kuelesaier

Ma vu villen aneren Experte liest een online, datt d'Fuerscher hannert dëser Etüd dat Ganzt net nuancéiert genuch betruecht hunn an datt d'Analyse mat Virsiicht ze genéisse sinn. Wat d'Tester mat de Rate betrëfft, sollen d'Déieren iwwerhaapt kee Waasser mat Kuelesaier kritt hunn, mee spruddeleg Softdrinks, also Gedrénks mat Zocker. Wéi esou dacks, ass et un engem selwer ze decidéieren, ob een esou enger Etüd dann och gleewe wëll...