Scho gewosst?Geheimtipps fir Netflix

Et ginn eng Partie Tricken, duerch déi een de Streamingdéngscht Netflix ganz anescht notze léiert.

Leschten Update: 25.03.2019, 12:09:30

© Unsplash

Ob an der Fräizäit, no engem ustrengenden Dag op der Aarbecht, mat Kollegen oder der Frëndin, op laange Reesen - iwwerall a vu jidderengem gëtt Netflix gekuckt. Enn 2018 hat d'Streaming-Plattform iwwert 148,5 Milliounen Abonnenten an déi Zuel klëmmt Dag fir Dag. Net nëmmen déi beléiftste Filmer, déi ee vu groussen Nimm kennt, mee och Eegeproduktioune wéi Stranger Things si ganz beléift bei de Leit. Netflix kann awer nach vill méi, wéi mir all mengen.
Hei si 4 Geheimtippen, déi dir villäicht nach net kennt:

Tipp 1:

Dir kënnt Netflix streamen - an dat mat all äre Kollegen, ganz egal wou déi op der Welt sinn. Mat "Rabbit", engem gratis Online-Programm, deen d'Notzer an engem Videochat matenee verbënnt an de Stream vum Film oder der Serie automatesch mat drasetzt, ass dëst méiglech. Rabbit gëtt et fir iOS, Android an am Browser fir Google Chrome ( https://www.rabb.it/ ).





Tipp 2:

Netflix wärend der Aarbecht kucken. Kléngt elo net direkt no engem Geheimtipp, mee dir kënnt dat och ganz onopfälleg maachen a niewebäi weider schaffen. Lo gëtt et scho méi intressant. Mat der App "Helium" ass et méiglech, déi zwou Saachen ze kombinéieren. Ären Netflix-Stream ass hei an enger klenger Fënster, déi dir fräi iwwert den Desktop beweege kënnt, ouni dass se zougeet oder an den Hannergrond fält. ( http://heliumfloats.com/ )

Tipp 3:

"Netflix Roulette". Dir wësst net, wéie Film oder wéi eng Serie kucken an hutt keng Loscht, déi ganz Mediathéik ze duerchsichen? Op https://reelgood.com/roulette/netflix kënnt dir Netflix Roulette spillen. Ee Klick a scho kritt dir eppes proposéiert.

© Screenshot Netflix Roulette


Tipp 4:

D'Autoplay Funktioun desaktivéieren. Wee kennt et net, dir schlooft wärend enger Episod an a Netflix spillt wéinst dem Autoplay eng Episod no der anerer weider of. Da gitt dir waakreg a wësst net méi, wou dir dru waart. Wann dir op ärem Profil bei Konto>Wiedergabe-Einstellungen gitt, kënnt dir den Autoplay ausschalten.


Mat all deenen Tipps sidd dir spéitstens elo e richtegen Netflix-Expert.