Manner Stress am Internet„Slow Web“ fir méi Entspanung am Netz

Wat wier dat schéin einfach eng Kéier e bëssen Tempo erauszehuelen, ouni ganz op den Internet ze verzichten... Dat geet! D'Konzept nennt sech „Slow Web“.

Leschten Update: 25.03.2019, 13:28:55

© Pexels

Eppes muss direkt kloer gestallt ginn: Wa mir vum Internet schwätzen, menge mir u sech d’„World Wide Web“. Dat ass genau wéi d’Konzept vun der E-Mail nëmmen eng vu ville Méiglechkeete wéi een den Internet benotze kann.

Säit d’„World Wide Web“ an den 90er Jore fir jiddwereen zougänglech ginn ass, hu sech d’Funktioune permanent erweidert. Haut kann een domadder alles Méigleches bestellen, vun Iesse bis Kleeder an och Online-Banking huet sech scho laang duerchgesat. Mëttlerweil fënnt och eis ganz Kommunikatioun an der digitaler Welt statt.

Et kann een et awer och anescht dréien a soen, dass Facebook, Instagram a Snapchat eis vun Dag zu Dag méi am Greff hunn. Eng Push-Noriicht einfach ze ignoréiere fält engem immens schwéier. Dat läit dorunner, dass eist Gehir d’Glécksgefill Dopamin ausschëtt, wa mir de Message liesen. Quasi als Belounung. Mee dat Gefill täuscht nëmmen: Onendlech laang Autoplaylists vu Facebook-Videoen an Insta-Storie ginn eis zwar kuerzfristeg e Kick. Op laang Dauer rappe se eis awer ëmmer méi aus der reeller Géigewaart.

Eng Propose wéi där Entwécklung en Enn gesat ka ginn ass d’Konzept vum „Slow-Web“. D’Ziel läit doranner bewosst d’Hektik ze reduzéiere wann een am Internet ënnerwee ass. D‘„Slow-Web“ ass awer kee separate Beräich am WWW. Dat sinn einfach all déi Inhalter mat Entspanungs-Charakter.

Lauschtert hei de ganze Reportage

Dat kann ee Video sinn, bei deem een enger Planz beim Wuessen nokuckt oder e Livestream an deem kleng Kaze matenee spillen. Awer och Apps déi just eemol den Dag d’E-Mails aktualiséiere falen an dee Beräich. A wann näischt dovunner hëlleft kann ee sech einfach schéi Biller a Fotoen ukucken, an dat explizit net op enger sozialer Plattform.

Eng endgülteg Léisung ass dat heiten awer leider och net. Psychologe gesinn an där Method nëmmen eng kuerz Paus vum alldeegleche Wahnsinn. Mee och eng kuerz Paus kann dozou bäidroe méi entspaant an der digitaler Welt ënnerwee ze sinn. Am beschten ass awer ëmmer nach e richtege Spadséiergang am Bësch, a kee Video dovunner.