No hannen oder no virE puer Ieselsbrécke fir d'Zäitëmstellung

De Sonndeg an der Nuecht gëtt erëm d'Auer geréckelt. Mä war et elo no vir oder no hannen? Hei e puer Ieselsbrécken an Tipps ronderëm d'Zäitëmstellung!

Leschten Update: 26.03.2019, 10:30:25

© Pexels

An der Nuecht vun de Samschdeg op e Sonndeg gëtt d'Zäit ëmgestallt an zwar vun 2.00 Auer an der Nuecht op 3.00 Auer. D.h. et gëtt manner Schlof oder manner gefeiert – dat kann ee gesi wéi ee wëllt. Elo ass d'Zäitëmstellung jo vill an der Diskussioun, déi zoustänneg Kommissioun am Parlament hat jo mat enger grousser Majoritéit dofir gestëmmt fir se ofzeschafen, ma um Enn mussen awer nach d'EU-Staaten dofir stëmmen. De Moment ass fir d'Enn vun der Zäitëmstellung d'Joer 2021 am Gespréich, mir mussen se als nach e puermol ëmstellen. 

De Summer als Orientéierungspunkt

Wie kennt net een, deen op e wichtege Rendezvous ze spéit komm ass oder 1 Stonn virun der Dier gewaart huet well e verpasst huet, dass d'Zäit ëmgestallt gëtt. An dann ass et jo och 2 Mol d’Joer déi selwecht Fro: Gëtt se dann elo no vir oder no hanne geréckelt? Op d'mannst dat ass net esou schwéier ze verhalen, wann een sech e puer Ieselsbrécke mierkt. 

Z.B. andeems een sech de Summer als Orientéierung hëlt. Am Fréijoer wëlle mir esou séier wéi méiglech bei de Summer, dofir stelle mir d'Aueren no vir. Am Wanter wëlle mir de Summer zeréck an dofir ginn se no hanne gestallt. 

Wiem dat ze komplizéiert ass hei nach eng Ieselsbréck: Am Fréijoer musse mir méi fréi opstoen an dofir ginn d'Aueren no vir gestallt. Am Wanter gëtt wéinst dem Wanterschlof méi laang geschlof.

Summer = Terrass

Méi bildlech ass déi heiten Hëllef. D'Béierbänke ginn am Summer virun d'Dier gestallt, also dréine mir d'Auer virun. Am Wanter gi se erëm zeréckgestallt, also gëtt och d'Auer zeréckgestallt. 

An e 4. Tipp - an da geet et och duer mat Ieselsbrécken - kënnt aus dem Engleschen. „Spring forward, fall back“ also „sprang no vir, fal no hannen“ oder – an dat geet just am Engleschen – „Fréijoer no vir, Hierscht no hannen“. Dat erkläert sech vum selwen. Den Datum ze verhalen, dat ass awer net esou einfach, hei gëtt et och leider keng Ieselsbréck.

Eng Stonn méi laang hell

Bis op d'mannst nach 2021 ass et also esou, dass d'Auer de leschte Sonndeg vum Mäerz ëm 2.00 Auer an der Nuecht eng Stonn no vir geréckelt gëtt. An am Oktober gëtt se dann de leschte Sonndeg ëm 2.00 Auer erëm op déi u sech normal Zäit, also d'Wanterzäit zeréckgestallt. Fir jiddereen, deen déi eng Stonn elo de Sonndeg elle wäert vermësse gëtt et awer nach e Liichtbléck: Vun do un ass et Owes op ee Schlag méi laang hell.