Alice MertonLive @ Eldoradio Studio beim Catherine

D'Alice Merton war dëse Méindeg live am Eldoradio Studio - beim Catherine an der Sendung! Hei fannt der de ganzen Interview!

Leschten Update: 25.03.2019, 16:22:06

© Eldoradio

Mat senger éischter Hit Single "No Roots", déi am Mee 2017 op Plaz 1 vum Eldo Chartbreaker stoung, ass d'Alice Merton bekannt ginn. Ufank 2019 huet d'Sängerin hiren Debutalbum "Mint" eraus bruecht an ass de Moment domat op Tour!

Dëse Méindeg, de 25. Mäerz 2019 trëtt d'Alice Merton live am Club vun der Rockhal op. Virdru war hatt live am Eldoradio Studio beim Catherine.

Lauschtert hei de live Interview mam Alice Merton:


Lauschtert hei den 1. Deel vum Interview


Lauschtert hei den 2. Deel vum Interview

 
Weider Infos iwwert de Concert fannt der hei: LINK: www.rockhal.lu