HochzäitsfaktenWéini ass de beschten Datum fir sech ze bestueden?

Bestuet ze sinn huet eng Rei Virdeeler, soe Wëssenschaftler - a si hu souguer dee perfekten Datum erausfonnt.

Leschten Update: 12.04.2019, 10:03:47

© dpa/AFP/Archiv/Andreas Lander

Wëssenschaftlech erfuerscht: dee beschten Datum fir sech ze bestueden, ass 3 Joer nom éischten Date. Et huet ee sech gutt kennegeléiert, kennt d‘Feeler an d’Schwächte vun deem aneren an natierlech och seng gutt Säiten. An et kann een éierlech op d’Fro äntweren ob een et mam Partner wierklech säi ganzt Liewen aushält.

Iwwerstierze soll een deemno näischt. Kléngt zwar romantesch - mee no engem Joer huet een nach dee rosaroude Brëll op an et kuckt een iwwer munch nervegen Detail um Partner ewech.

Eng weider Etüd huet erausfonnt, dass bestuete Männer 9 Joer méi laang liewen. Bei Fraen sinn et ëmmerhin 7 Joer. Kéint doru leien, dass Männer vun hiere Frae gutt versuergt sinn, an d’Fraen dofir suergen, dass hir Männer reegelméisseg bei den Dokter ginn. Bestuete Männer sinn zwar an der Moyenne méi déck wéi Singelen, ernäre sech awer méi gesond. Kachen an iessen mécht zu 2 eben einfach nach méi Spaass.

Bestuete Männer sollen och méi verdéngen wéi Singelen, si gi méi seelen entlooss a sinn dacks méi erfollegräich am Beruff, dat geet aus enger Etüd vun an engem amerikaneschen Familljeninstitut ervir.

Verschidde Leit kënne sech mam Gedanken un d’Jo-Wuert awer trotzdeem net ufrënnen. Et hofft een entweder dass nach e Bessere kënnt, oder et wëllt ee seng Fräiheet net opginn.

Problematesch gëtt et, wann een d’Hochzäit wëllt an deen aneren net. Entweder et fënnt ee sech domat of, oder et sicht ee sech een, deen dat selwecht wëllt.