Moossname géint "Overtourism"Nei Reegele fir Touristen zu Amsterdam

Wéi vill aner grouss Stied ass Amsterdam en Touristemagnéit. Well d'Attraktivitéit vun der Stad dorënner leit, solle Reegelen d'Touristemassen elo bremsen.

Leschten Update: 08.04.2019, 21:06:25

© Pixabay (kirkandmimi)

Jiddereen, dee schonn emol zu Amsterdam war, dee weess, dass do grad a verschiddene Stroossen a bei guddem Wieder relativ vill lass ass. An elo stellt iech emol vir, dir géift matzen an der Stad wunnen an all Dag géifen sech do Masse vun Touriste vu moies bis owes laanscht är Hausdier drécken. A wéinst dem Massentourismus, deen ëmmer méi eskaléiert, zitt d'Stad Amsterdam elo d'Handbrems.

Keng Toure méi laanscht déi rout Vitrinnen

Amsterdam ass jo net nëmme mä awer zu engem gudden Deel berühmt wéinst senger Sexindustrie an den zougehéierege Vitrinnen, déi immens vill Touristen ënner anerem och während guidéierten Touren unzéien. Ma grad dës Toure solle vum 1. Januar 2020 un verbuede ginn, op d'mannst fir de Quartier De Wallen.

Zanter dem 1. Abrëll 2019 si schonn Touren no 19.00 Auer verbueden, dës wieren de Prostituéierte géintiwwer net respektvoll a géife fir vill Hektik suergen. D'Guide selwer brauchen och eng speziell Autorisatioun an d'Touren uechter d'Stad gi mat Taxe beluecht.

Touristen, déi mat enger Croisière ukomme mussen zanter dem 1. Januar vun dësem Joer och méi bezuelen, dat wéinst enger zousätzlecher Steier. 

Geldstrofe bei schlechtem Behuelen

An da gëllt et och sech ze behuelen, Touriste mussen nämlech genee wéi och d'Awunner mat Geldstrofe rechnen, wann se sech donieft behuelen. Dorënner fält Blären, sech op der Strooss ze erliichteren, Knascht op de Buedem ze geheien an Alkohol op oppener Strooss ze drénken.

A wie mengt, dass de Pretekoll schonn net bis heem kënnt, dee sollt nach wëssen, dass d'Mataarbechter vun der Stad praktescherweis direkt d'Kreditkaartegerät dobäi huet fir d'Suen direkt kënnen anzekasséieren. Fir dass een do d'Iwwersiicht behält, gëtt och d'Zuel vun de Visiteure pro Quartier ermëttelt a wann néideg ginn dann d'Stroosse gespaart.

19 Milliounen Touristen am Joer 2018

Scho méi laang gëtt et iwwerdeems d'Verbuet weider Butteker fir Touristen opzemaachen, wéi z.B. Geschäfter, déi Vëloe verléinen, Ticketgeschäfter an Attraktioune fir Touristen. A wann ee sech um Enn d'Zuelen ukuckt, da sinn déi ganz Reegelen zwar streng, ma villäicht guer net vu Muttwëll. Et liewen nämlech nëmmen 850'000 Awunner zu Amsterdam, 2018 huet d'Stad awer 19 Milliounen Touristen empfaangen. An déi Responsabel vun der Stad ginn dovun aus, dass d'Tendenz an den nächste Joren nach däitlech klamme wäert.