Wat ass besser?Moies oder owes duschen?

Wéi dacks een duscht huet domadder ze dinn, wéi ee sech wuelfillt. Et mécht awer fir jiddwereen en Ënnerscheed ob ee moies oder owes dusche geet.

10.04.2019, 04:46:48

© Pixabay

Déi eng ginn all Dag duschen, déi aner all zweeten. An da ginn et nach déi, déi zweemol den Dag ënnert der Dusch stinn, well si zum Beispill no der Aarbecht nach an de Sport ginn.

Fir et direkt kloer ze stellen: Dat eent ass net méi gesond wéi dat anert. An trotzdeem mécht et en Ënnerscheed ob ee moies dusche geet oder owes. Béid Optiounen hunn nämlech hir Virdeeler.

De grousse Virdeel, wann ee moies ënnert der Dusch steet, ass natierlech, dass ee méi séier richteg waakreg gëtt. Ma dat fonctionnéiert awer nëmme wann ee kal duscht. Duerch dat kaalt Waasser zéie sech d’Bluttgefäässer zesummen. D’Blutt fléisst doduerch méi séier an et gëtt ee waakreg.

D’Dusch um Owend huet e ganz aneren Effekt. Virum schlofe goe bitt sech eng gutt waarm Dusch u fir de Kierper an de richtege Modus ze bréngen. Duerch dat waarmt Waasser geet nämlech d’Kierpertemperatur erop. Eng Zäitchen nom Dusche geet d’Temperatur da nees erof a genau esou verhält sech eise Kierper wa mir schléifreg sinn. Esou spille mir eisem Kierper vir, dass et Zäit ass fir an d’Bett ze goen.

Lauschtert hei de ganze Reportage

Eng Dusch um Owend huet awer natierlech och nach en anere grousse Virdeel. De ganze Knascht, dee sech iwwer den Dag op eiser Haut an op eisen Hoer usammelt, huele mir esou net mat an d’Bett. Dat ass virun allem fir Allergiker ganz wichteg, well esou och Pollen an Allergener net an d’Schlofkummer kommen. Da ginn och nach eis Poren duerch eng waarm Dusch nees op, sou dass déi an der Nuecht net verstoppen.

Et hänkt also dovun of a wat fir enger Situatioun ee grad ass. Wie ganz schlecht aus dem Bett kënnt, muss sech iwwerwanne moies ënnert dat kaalt Waasser ze goen. Huet ee Problemer anzeschlofen, lount et sech owes duschen ze goen. A wie ka schonn deem Gefill widderstoen, sech frësch geduscht ënnert d’Decken ze leen.