Life of Bryan - HellboyDat huet den Däiwel net verdéngt

No 15 Joer probéiert sech d'Filmindustrie erëm um beléifte Comic...

15.04.2019, 04:00:53

© Screenshot YouTube

Ugghhh... Ok brénge mer et hannert eis.

Ech wollt Hellboy gären hunn. Den Trailer vum muskuléisen Däiwel mat Revolver huet no vill Variatioun, Action a Spaass ausgesinn an ech hat mer insgeheim esou eppes wéi Deadpool erhofft.

Wat am Endeffekt leider geliwwert gouf, ass ee vun Ufank bis Schluss enttäuschende Film, dee keng Anung huet, wat e vu sech selwer wëll.



"Keng Anung" ass e perfekt Stéchwuert fir alles, wat mat Hellboy net stëmmt, well de Film wierkt, wéi wann d’Produzenten zu kengem Moment wousste wat se maachen.

Ass et en Action- oder Horrorfilm? Keng Anung.

Soll d’Story e Sënn erginn? Keng Anung.

Ween ass dee neie Charakter do a wäert en IERGENDEPPES zur Story bäidroen? Keng. Anung.

Esou ass et iwwert de ganze Film gaange well en ass wierklech net gutt geschnidden. Logik war wéi et schéingt no den éischte 5 Minutte schonn zur Fënster eraus an dowéinst hunn Zeene weder Kapp nach Schwanz.  Déi wéineg interessant Momenter gi matten an der Action vun enger komplett anerer Zeen ofgebrach a wann et dann endlech op d’Thema zeréck kënnt, ass een trotzdeem duercherneen, well iergendeppes dotëscht geschitt ass, wat eis als Publikum net erkläert gouf.

Wann dat nach net genuch wier, sinn d’Dialoger weder gutt geschriwwen nach sinn se an engem anstännege Rhythmus zesummegesat ginn. De Film ass duerch seng riseg Lescht u net erkläerten Evenementer esou "presséiert", dass de Public keng Zäit huet, déi eenzel Momenter ze verschaffen. Hellboy wierkt wéi 5 Filmer, deen an 1 grousse Chaos zesumme geknätscht gouf an zum Schluss nëmme nach en absolute Minimum u Sënn ergëtt.