Kollegen, Handy a MailenOflenkungen op der Aarbechtsplaz

Oflenkunge vun der Aarbecht ginn et der vill. Ma wat sinn déi gréissten a wéi vill loossen sech d'Salariéeën iwwerhaapt oflenken?

Leschten Update: 15.04.2019, 19:02:02

© Pixabay

Dir kennt et all, dir musst op der Aarbecht onbedéngt eppes fäerdeg kréien, ma iergendwéi ass op eemol Feierowend an dir sidd nach ëmmer net fäerdeg. Well och wa mir eis jo u sech op eis Aarbecht sollte konzentréieren, laueren op der Schaffplaz ganz vill Oflenkungen. Wéi vill a vu wat d'Salariéeën am meeschten ofgelenkt ginn, dat wollt dat internationaalt Meenungsfuerschungsinstitut YouGov erausfannen an huet dofir iwwer 1'000 Salariéeën an Däitschland dozou befrot.

All 10. iwwer eng Stonn ofgelenkt

Wann et den Zuele vu YouGov no geet, da loossen sech dräi véierel vun de Salariéeën op d'mannst heiansdo oflenken a sinn domat net mat hirer eigentlecher Aarbecht beschäftegt. Nëmmen 12% vun de Befroten hunn uginn, ni ofgelenkt ze sinn.

Vun deenen déi zouginn hunn heiansdo emol de Kapp enzwousch anescht ze hunn sinn der zwee vun dräi manner wéi 30 Minutten ofgelenkt. All 5. huet uginn tëscht enger hallwer Stonn an enger Stonn ofgelenkt ze sinn an all 10. ass iwwer eng Stonn mat sengem Kapp enzwousch anescht.

Kollegen op Plaz 1 vun den Oflenkungen

An net iwwerraschend sinn an de meeschte Fäll d'Kollegen un der Oflenkung Schold. Privat Gespréicher si fir 62% Schold an an 42% vun de Fäll sinn et d'Geräischer, déi Kollege maachen.

An natierlech dierf och den Afloss vum Handy net feelen. D'Notze vu Smartphone-Messenger an d'Schreiwen a Liese vun E-Maile fir privat Zwecker lenkt iwwer en Drëttel vun de Leit of. 

Ënnerscheed tëscht Fra a Mann

D'Notze vum Smartphone allgemengt ass iwwerdeems fir 39,5% vun de Salariéeën eng Oflenkung. An da goufen och nach d'Ënnerscheeder tëscht Fra a Mann ënnersicht an iergendwéi bestätegen sech do awer verschidde Clichéen. Esou loosse sech Fraen op d'mannst den Zuelen no méi vun tëschemënschlechen Aflëss oflenken, Männer dogéint éischter duerch Technik, an deem heite Fall duerch de Smartphone.