Game of ThronesGoT zesummegefaasst a nëmme 4 Minutten

Den Host vun der "Late Late Show" James Corden huet déi 7 éischt GoT-Staffelen a 4 Minutten zesummegefaasst!

Leschten Update: 12.04.2019, 16:51:10

© Screenshot YouTube

Iert déi 8. a lescht Staffel vun "Game of Thrones" de 14. Abrëll offiziell erauskënnt, huet den James Corden déi éischt 7 Staffelen nach emol zesummegefaasst - dëst an engem 4 Minutte laangem "Rap"-Video!

Fir all déi, déi guer kee Plang hunn ëm wat d'Serie geet oder déi, déi hiert Gediechtnes nach emol opfrësche wëllen, a keng Zäit méi hunn all déi 7 Staffelen duerchzekucken, sollte sech dëse Video ukucken!




Den Text gouf vun engem Mataarbechter vun der "Late Late Show", dem Lawrence Dai, geschriwwen. Dësen huet awer nach ni eng Folleg vun "Game of Thrones" gesinn a gouf vum James Corden "gezwongen" déi 7 Staffelen an engem Stéck ze kucken. Wéi de Lawrence Dai sech dobäi geschloen huet, gesitt dir an dësem Video!