Nogefrot!Autosfestival wéinst Klimaschutz ofschafen?

Fann dir et sënnvoll den Autosfestival am Sënn vum Klimaschutz ofzeschafen? Genee dat fuerdert eng nei Petitioun.

16.04.2019, 04:00:50

© Pexels.com

D’Petitioun 1198 fuerdert, dass den Autosfestival ofgeschaaf gëtt. De Grond dofir ass, dass den Autosfestival dem Petitionär no net ëmweltschounend wier. Duerch déi vill Reklamm fir den Autosfestival géif een d’Leit dozou motivéieren, d’Ëmwelt ze verschmotzen.

Weider heescht et, datt den Auto dat schlëmmste Verkéiersmëttel wier. Ënnert anerem wier den Auto déidlech a geféierlech (1,35 Milliounen Doudeger weltwäit d'Joer) a "knaschteg", dat wéinst den héije CO2-Ausstéiss.

Ass d’Verbuede vum Autosfestival also néideg, respektiv sënnvoll?

Mir hu bei iech nogefrot, wat dir dovunner haalt:

Lauschtert d'Äntwerten!

LINK / Hei fann dir weider Detailer iwwer d'Petitioun.