Problemer wakereg ze ginn?Kaffi mol anescht

Wien wëll wakereg ginn, muss an Zukunft säi Kaffi just ukucken...

13.04.2019, 07:00:01

© Pexels

De Placebo-Effekt ass ee wëssenschaftlecht Phänomen vun deem bestëmmt jidderee vun Iech schonn héieren huet. Wann ee Kappwéi huet, freet ee sech beim Aarbechtskolleg eng Pëll. Dono geet et engem besser, ma a Wierklechkeet krut ee just eng Tic Tac. D’Gehir mengt allerdéngs, dass et e richtegt Medikament war. D'Gehir gouf also ausgetrickst.

Esou en ähnlechen Effekt gëtt et och moies beim Opstoen. Fir vill Leit gehéiert déi eng oder aner Taass Kaffi iwwer den Dag verdeelt zum feste Ritual. Ze vill Kaffi kann allerdéngs ongesond sinn.



Wéi et schéngt braucht de Mënsch kee Kaffi fir wakereg ze ginn. Et geet duer, en just unzekucken. Dat soen op d'mannst  Fuerscher vun der Universitéit Toronto. Kaffi unzekucken, aktivéiert d’Arealer an eisem Gehir. An déi sinn zoustänneg fir eis Opmierksamkeet also suergen si dofir, dass mir wakereg ginn.

An Zukunft also roueg ausprobéieren, de Kaffi vun der Frëndin oder vum Aarbechtskollegen e puer Minutten unzekucken.

Op de Goût muss een dann awer natierlech verzichten.