London CallingOch d'Brite si vum Brexit-Chaos genervt

Hei a Groussbritannien vergeet am Moment keen Dag, ouni dass et nees iergend en Drama ëm de Brexit gëtt.

15.04.2019, 07:24:39

© pixabay.com

Wärend d’Politiker sech mol méi a mol manner éierlech druginn eng Léisung ze fannen, geet dat ganzt d’Thema deene meeschte Leit einfach nëmmen nach fuerchtbar op den Nerv. Zënter iwwer 3 Joer gëtt et hei op der Insel keen anert Thema méi. Diskussiounen em wichteg Themen ewéi den nationalen Gesondheetssystem, de Wunnengsbau oder awer och d’Ëmwelt bleiwen am Parlament lénks leien, well sech alles just nach em de Brexit dréint.

Lauschtert hei de Reportage:


Lo kann een als Aussestoenden zu Recht soen, dass d’Briten sech dat jo awer wuel selwer agebrockt hunn. Schliisslech huet keen si gezwongen aus der EU auszetrieden. En plus sinn déi meeschte Leit déi vir en Austrëtt gestemmt huet, op e puer populistesch Ligen eragefall, vun deenen elo natierlech kee méi schwätzt. Do denkt ee jo, dass et Sënn géif maachen, einfach emol d’Noutbrems ze zéien an dat Ganzt nach emol eng Kéier méi genee ënnert d’Lupp ze huelen. Mä leider schéngt dat iergendwéi net ze goen.

De Brexit-Chaos geet also an d’Verlängerung an elo hunn d’Briten bis Halloween, also den 31. Oktober, Zäit eng Léisung ze fannen. Op déi extra puer Méint awer wierklech eppes brénge wäerten, bleift ofzewaarden. Dem Theresa May seng Deeg als Premier schéngen gezielt ze sinn an hiren Deel, deen esou dréngen ugeholl misst ginn, fir dass de Brexit endlech passéiert, ass och ofgeschriwwen ginn. Wéi et also weidergeet, weess keen. En Enn vum Brexit-Wahnsinn ass also nach esou laang net an Aussiicht.

Twitter: @EldoLondon an @SergeReuter