Gestresst?Bewosst Ootme bewierkt Wonner!

Eng Method géint de Stress, fir déi een iwwerhaapt kee Material brauch an déi och ganz einfach op der Aarbechtsplaz ëmsetzbar ass, sinn Otemübungen.

Leschten Update: 15.04.2019, 14:53:13

© Pexels

Wann ee gestresst ass, héiert ee vun deenen aneren ëmmer dat nämmlecht: "Otem dach mol eng Kéier déif duerch!" An der ganzer Hektik kënnt engem dat wéi eng Floskel vir, ouni gréisser Bedeitung.

Ma un deem Sproch ass awer eppes drun. Déi richteg Otemtechnik kann dobäi hëllefen sech nees ze entspanen. An anescht wéi beim Yoga oder der Meditatioun kann een Otemübungen iwwerall maachen, also och um Büro.

Am beschten otemt een déif an, hält den Otem fir e puer Sekonnen, an otemt genau esou déif nees aus. Dass e méi luest Anootme fir e méi entspaanten Zoustand suergt, huet mat eisem Nervesystem ze dinn. Duerch eng bewosst a lues Ootmung desaktivéiert sech dat sougenannte sympathescht Nervesystem. Dat ass ëmmer dann aktiv wa mir gestresst sinn. Verstäerkt gëtt de Stress-Effekt doduerch, dass Adrenalin a Cortisol ausgeschott ginn. Sou bereet de Kierper sech fir e Kampf oder eng Flucht vir. Doduerch ootme mir méi séier, d’Häerzfrequenz geet erop an eis Muskele gi verspaant.

Dat gëllt awer och ëmgedréint. Andeems mir eis Ootmung bewosst steieren, ginn des Effekter zeréck an den Hippocampus gëtt méi aktiv. Den Hippocampus ass souzesoen den emotionale Beräich am Gehir, deen och fir Erënnerungen zoustänneg ass. Doriwwer eraus schalt eise Kierper an de Rou- respektiv den Erhuel-Modus.

Lauschtert hei de ganze Reportage

E weidere positiven Aspekt vun Otemübunge betrëfft eis Verdauung. Duerch eng méi kontrolléiert Ootmung dréckt d’Zwerchfell op eise Verdauungsapparat an dat wierkt wéi eng Massage. Doduerch gëtt d’Verdauung ugereegt an et kënnt zu manner Verstoppungen.

Fir ze entspane gi schonn 2 Minutte mat der richteger Otemtechnik duerch. Et sollen dann net méi wéi 5 oder 6 Otemzich an der Minutt sinn, fir dass des Technik wierksam gëtt. Am beschte mécht een dobäi d’Aen zou. Wien doduerch manner gestresst ass, kritt den Alldag besser bewältegt a lieft schlussendlech och méi gesond.