Problemer beim AschlofenNuets mécht ee sech am meeschte Suergen

Jiddwereen dréit seng Problemer a Suerge mat sech ronderëm a jiddweree geet anescht domadder ëm. Nuets beschäftegen eis déi awer am meeschten.

15.04.2019, 15:24:32

© Pexels

Et ass Zäit fir an d’Bett ze goen. Et mécht een d’Luucht aus, probéiert déi richteg Positioun ze fannen a mécht d'Aen zou. An da geet et och schonn direkt lass: Negativ Gedanke fëllen eise Kapp, mam Schlof gëtt et also sou séier nees näischt.

Aus klenge Problemer gi riseg Katastrophen, mir gesinn alles vill méi negativ wéi nach am Dag. Ma firwat sinn eis Suergen nuets am gréissten. Schold sinn déi 2 Hormoner Melatonin a Serotonin. Melatonin gëtt ëmmer da produzéiert wann et däischter ass a mir ginn doduercher midd. Mee net nëmmen dat: Well mir an deem Schlof-Modus manner Energie hunn, kënnt et éischter zu enger depressiver Stëmmung.

Op der anerer Säit ass et de Serotonin, also d’Gléckshormon, dat fir Problemer suergt. An zwar aus deem Grond, well dëst Hormon nuets iwwer net esou vill produzéiert gëtt wéi am Laf vum Dag. Den Dag drop kann een dann nees iwwer déi leschte Nuecht laachen an d’Problemer schéngen net méi onléisbar ze sinn. De Grond läit op der Hand: De Melatonin huet sech wéinst der Hellegkeet verzunn an och de Serotonin ass nees voll do.

Lauschtert hei de ganze Reportage

Mee nach eng Kéier zréck bei d’Nuecht: Och wa mir wärend dëser negativer Phase normalerweis schlofen, ass déi Zäit virum Aschlofen net ëmmer schéin. Zemools fir Persoune mat Schlofproblemer.

Dacks sinn et jo grad déi negativ Gedanken an d‘Suergen déi beim Aschlofe keng Hëllef sinn. Eng wierklech Léisung gëtt et net. Sou plomp et och kléngt, am einfachsten ass et sech nuets net méi all ze eescht ze huelen.